
6 Joer Prisong, woubäi si net géint en Deel Sursis probatoire wär: Dat huet d'Vertriederin vum Parquet e Mëttwoch de Mëtten um Stater Geriicht an engem Prozess wéinst ënnert anerem Viol gefrot. Ugeklot war e Mann mat engem intellektuellen Handicap. D'Oplo bestéing am weidere Suivi vum Beschëllegten.
Dee krut virgehäit, am Oktober 2018 zu Näerzeng e Meedche vu 14 Joer vergewaltegt ze hunn. Donieft soll hien dem Kand z.B. nach kannerpornografesch Fotoen op sengem Handy gewisen hunn.
Dem Ugeklote wär eng Verännerung vum Urteelsverméige gutt ze halen, woubäi d'Infraktiounen awer extrem schlëmm wären, sou d'Vertriederin vum Parquet. De Viol wär genee sou zeréckzebehalen, wéi d'Weise vu kannerpornografesche Fotoen. De Mann hätt d'Faiten am Ufank kontestéiert, se beim zweete Rendez-vous beim Untersuchungsriichter awer zouginn. D'Meedche wär deemools „mal à l'aise" gewiescht, ouni seng Mamm. De Beschëllegten hätt him d'Nuque masséiert, wär ëmmer méi erofgaangen an hätt et vergewaltegt. D'Geleeënheet hätt sech gebueden, an de Mann hätt et gemaach.
Dee sot um Ufank vun der Sëtzung, et géif him Leed doen, wat hie gemaach huet. Hien hätt d'Meedchen, dat Kappwéi hat, wëlle masséieren; dat hätt näischt gesot. „Firwat ass d'Massage méi wäit gaangen? An hutt Dir et ënnen ugepaakt?", wollt d'Presidentin vum Geriicht wëssen. Et wär einfach sou komm, an et géif him Leed doen. Hien hätt am Kapp gehat, fir d'Kand ze masséieren, ma him keng kannerpornografesch Fotoe gewisen. Hatt hätt och op déi Fotoe geluusst.
De Client géif net verstoen, wat e Viol ass, wär sech dem Ausmooss vu sengen Akten an de Konsequenzen dovun net bewosst, huet dem Mann seng Affekotin plädéiert. De Mann, dee mental zréckbliwwen ass, hätt d'Situatioun net richteg gedeit, dem Meedchen awer kee Leed wëllen undoen an och net op Gewalt zréckgegraff, sot d'Me Lynn Frank. An där hiren Aen d'Weise vu kannerpornografesche Fotoen net, d'Verännerung vum Urteelsverméigen dogéint séier wuel zeréckzebehale wär. Et sollt heifir kee feste Prisong méi gesprach ginn.
D'Urteel ass fir den 2. Dezember.