
Wéi de Minister präziséiert, géifen et 6 Leit ginn, déi am Land wunnen an ënnert dat sougenannt "Bundesversorgungsgesetz" vun 1950 falen, op Basis vun deem dës Pensiounen ausbezuelt ginn, dat net vu Lëtzebuerg, mä vum Noper Däitschland.
D'Lëtzebuerger Autoritéite wëssen awer näischt iwwert d'Identitéit oder d'Nationalitéit vun dëse Leit an och net d'Ëmstänn, firwat datt se dës Pensioune kréien, déi an der Reegel an Däitschland besteiert ginn, wann se dat da ginn.
Nieft dëser hallwer Dose vu Leit hei am Land wiere virun allem Persounen aus der Belsch, Holland a Groussbritannie betraff, déi wéinst der Collaboratioun mat de Nazien dës Zousazpensioune kréien.
Enquêtë vun der hollännescher Press no, kéinte sech dës Pensiounen de Mount op bis zu 1.300 Euro chiffréieren. An Holland wieren et 34 Nazi-Collaborateuren an hier Familljen, déi dës Zousazpensioun géife kréien.