
Zanter 2019 gëllen nämlech streng Strofe fir esou Aggressiounen.
Zanter 2018 hat de CGDIS 400.000 Interventiounen. 200 Mol koum et dobäi zu Aggressioune géint d’Secouristen. Bal d’nämmlecht vill verbaler ewéi physescher Natur. A 4 Fäll waren och Waffen oder Änleches am Spill. 3 Mol gouf eng Plainte gemaach. Zanter 2019 goufen et am Ganze 6 Verurteelunge wéinst Aggressioune géint Secouristen oder Policebeamten.
Dës Zuele liwwert den Inneminister Gloden op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana.