
Bei der Etüd koum eraus, dass vun de Befrote ganzer 60% eng relativ héich Onzefriddenheet mat hirer aktueller Pai opweisen. Ëmmerhin huet 1 op 5 (19,74%) deklaréiert, “immens onzefridden” ze sinn, 41,74% hunn uginn “méi oder wéineger onzefridden” ze sinn. Dogéint sinn 32,96% vun de Befroten “méi oder wéineger zefridden”, nëmme 5,56% si “ganz zefridden” mat deem, wat se verdéngen.
Bei der Fro, wéi vill vun den 1.241 befrote Persounen d’Gefill hunn, hire Salairesniveau par Rapport zu der aktueller Moyenne um Maart wier gerecht, war 1 op 2 (51,25%) der Meenung, manner gutt bezuelt ze ginn. Nëmme 17,16% sinn der Meenung méi ze verdénge wéi d’Moyenne zu Lëtzebuerg.
Zeréckzeféieren op dee schlechte Bilan, wat d’Zefriddenheet zum Salaire betrëfft, denkt de Gros (60%), dass d’Firmen net iwwert eng uerdentlech Salairespolitik verfügen. 28% vun de Befroten hunn der Ëmfro no hir Pai schlecht ausgehandelt, 18% traue sech net de Problem géintiwwer hirem Superieur unzeschwätzen.
Effektiv géif et vill Firmen hei am Land iwwer eng kloer a koherent Politik, wat d’Salairen ugeet, feelen, seet och den Direkter vun jobs.lu, den Arthur Meulmann. Et wier och weiderhi schwiereg, eng uerdentlech Kommunikatioun ëm dee Sujet z’etabléieren. Op engem Aarbechtsmaart, wou d’Leit et souwisou scho schwéier hunn, wier d’Zefriddenheet awer essentiell.