Preparatioun op Aarbecht oder Etüden60 Jonker fir Formatioun "Diplom+" ageschriwwen

Christophe Hochard
Op 5 Klasse goufen d'Jonker opgedeelt, déi hire Premièresdiplom an der Täsch hunn, mä nach keen Job hunn oder net wëssen, wat a wou si studéiere wëllen.
60 Jonker fir Formatioun "Diplom+" ageschriwwen
Op 5 Klasse goufen d’Jonker opgedeelt, déi hire Premièresdiplom an der Täsch hunn, mä nach keen Job hunn oder net wëssen, wat a wou si studéiere wëllen.

Sollten d’Participanten am Laf vum Schouljoer eng Aarbecht fannen oder eng Studieplaz kréien, däerfe si vun elo op direkt mat dëser zousätzlecher Formatioun ophalen.

Den Diplom+ ass op Modullen opgebaut. Vun 8 gemeinsame Modullen an 8 Optionaler, muss een der 4 auswielen. Ee vun de Coursen nennt sech “Préparation à l’embauche” an an engem weidere Cours geet et drëms ze léieren, wéi ee mat Stress ëmgeet. Hei gëtt ee gewuer, wéi ee säin Dag andeele kann, ouni an Zäitdrock ze geroden.

D’Formatioun vum Diplom+ zitt sech iwwer 25 Stonne pro Woch. A grad ewéi an de Lycéeën hält d’Schouljoer Mëtt Juli 2023 op.

Back to Top
CIM LOGO