Prisongsstrof op Sursis gefrot65.000 Euro vu Post op private Kont iwwerwisen

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie huet sech eng fréier Employée um Stater Geriicht misse veräntweren, déi sech Sue vun der Post op den eegene Kont transferéiert hat.
© RTL Archivbild

18 Méint Prisong mat Sursis probatoire, woubäi d'Oplo an der Entschiedegung vun der Post bannent 5 Joer besteet. Déi Strof gouf e Méindeg de Moien um Stater Geriicht fir eng 32 Joer al Fra gefrot.

Hir war virgehäit ginn, der Post tëscht 2015 an 2018 ronn 65.000 Euro geklaut ze hunn. Si war an der Suite vun dëser Affär entlooss ginn. D'Fra sollt déi Zomm vun enger Keess an eng aner transferéieren, d'Sue waren awer ni do ukomm. Mat informateschen Tricken hat si d'Zomm op hiren eegene Kont iwwerwisen a war gréisstendeels mat deene Suen an d'Vakanze gefuer.

Den 23. Mee gëtt d'Uerteel gesprach.

Back to Top
CIM LOGO