
Dat geet aus dem rezente Covid-Woche-Bilan vun der Santé ervir, deen e Mëttwoch publizéiert gouf.Iwwert eng Woch ass d'Zuel vun neien Infektiounen ëm 4% op ebe 553 Fäll erofgaangen. Vun dëse Persoune waren der 375 net oder net komplett geimpft, wat mat 67,8% vun allen neie Fäll d'Majoritéit ausmécht. D'Altersmoyenne blouf bei 32 Joer stabel.Déi lescht Woche waren 1.289 infizéiert Leit am Isolement (+4%), iwwerdeem der 926 a Quarantän waren (+13%).Vun de 553 Leit, déi sech nei mam Virus ugestach hunn, ass d'Source dovunner d'Famill mat engem Drëttel vun alle Fäll, an 20 Prozent vun de Fäll hu sech d'Persounen an der Vakanz infizéiert, nëmme knapp 7% wärend enger Fräizäitaktivitéit a 4% am Enseignement. Bei 33,5% vun Fäll ass net gewosst, wou d'Leit sech ugestach hunn.10 Leit mam Coronavirus louchen d'lescht Woch an de Spideeler op der Intensivstatioun. Si sinn alleguer net geimpft. 29 Leit goufen d'lescht Woch mat Covid-Symptomer an de Spideeler nei opgeholl. 85,8% vun hinne waren net geimpft. D'lescht Woch goufen et 2 weider Stierffäll a Relatioun mam Virus. D'Alters-Moyenne vun den hospitaliséierte Leit geet vu 60 op 47 Joer erof.De Reproduktiounstaux geet op 1,00 erof (Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert) an den Inzidenz-Taux fir 100.000 Awunner op 7 Deeg gerechent geet vun 90 op 87 Fäll erof.Wat d'Vaccinatiounen ugeet, sou hate bis d'lescht Woch ronn 398.431 Leit am Land hir zweet Dosis a sinn domat komplett geimpft. 3.415 Persoune kruten hir éischt Dosis, 2.598 Persounen hir zweet a 57 Leit kruten eng 3. Booster-Dosis.Och d'Virus-Kontaminatiounen an den 13 Kläranlagen huelen nees liicht zou: de LIST stellt eng liicht Hausse vun der Prevalenz an allen Ofwaasser-Echantillone fest, Rieds geet awer vun enger Stabiliséierung vun de Wäerter.