
45 Schüler a Schülerinne profitéieren den Ament aus gesondheetleche Grënn vum Homeschooling doheem.
Dat schreift den Educatiounsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP-Deputéiert Francine Closener. Anescht wéi am Lycée ass an der Grondschoul kee Streaming vun de Coursen virgesinn.
Wéi eng Tâchen e vulnerabelen Enseignant iwwerhuele kann, gëtt op Basis vu Recommandatioune vum Aarbechtsdokter decidéiert. Eng Interventioun vum Enseignant wier ënner zousätzlechen Sécherheetsmesuren méiglech. Schwanger Fraen gëllen antëscht jo och als vulnerabel.
Wann en Enseignant a Quarantän ass, trëtt och den Enseignement à distance a Kraaft. Am Fondamental gëtt den Unterrecht da vun engem Remplaçant gehalen. Där gi jo mam Gesetzprojet, deen an der Chamber zum Vott steet zousätzlech rekrutéiert.
Am Secondaire assuréiert de Professer aus der Quarantän vun doheem aus säin Unterrecht online. Deen Ament ginn allerdéngs och Remplaçanten, respektiv Surveillante gebraucht fir d'Klass am Lycée z'encadréieren.
