1127 liicht Blesséierter bei Accidenter um Donneschdegowend

RTL Lëtzebuerg
Um Kierchbierg krute sech kuerz no 21 Auer zwee Autoen ze paken, hei goufe 4 Persoune verwonnt.

All Kéiers ee Blesséierte gouf et dann nach um 19.15 Auer zu Bartreng an der rue Atert, an op der Areler Autobunn tëscht dem Briddel a Stroossen dat um 21.30 Auer.

Kuerz no 23 Auer krute sech tëscht dem Fridhaff an Dikrech och zwee Gefierer ze paken.

2 Blesséierter um Freideg

Kuerz virun 8 Auer gouf et eng Kollisioun tëscht 2 Gefierer an der rue de la Gare zu Kënzeg. 1 Persoun gouf blesséiert.

Kuerz virun 8.30 Auer gouf et en Accident tëscht engem elektresche Scooter an engem Auto um Boulevard de la Pétrusse op der Stater Gare. Och hei gouf 1 Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO