
D'Regierung ass méi wéi houfreg, dass een domadder op der Pole Positioun ass, a Saachen Naturschutz, well néierens soss géif et esou e grousst zesummenhänkend Schutzgebitt ginn.
Fir dat geréieren ze kënnen, bräicht ee fir déi verschidde Regioune sougenannt "Comités de pilotage", wou all déi concernéiert Acteure ronderëm een Dësch sëtzen. Och a virun allem d'Baueren, déi an an op deene geschützte Wisen a Bëscher schaffen. Zu Réiden, wou e Mëttwoch deen 3. Comité lancéiert gouf, goung et den Initiateuren dofir virun allem drëm, déi ze berouegen, deenen d'Land gehéiert.
Et ass deen éischten Comité nërdlech am Land, ma et géif ee sech elo schonns op d'Chance, Synergien ze entwéckelen, freeën. Et wier eng Chance, Naturschutz, Landwirtschaft an och touristesch Opportunitéiten ze kombinéieren.
17 Gemenge mat a ronderëm Réiden hunn e Mëttwoch d'Charte vum Natura 2000 ënnerschriwwen. Den neie Comité de Pilotage soll dann an Zukunft mam Gérard Anzia un der Spëtzt fir Stabilitéit am Naturschutz ronderëm d'Atert suergen. Nei Dëmpelen oder d'Erhale vun Bongerten - eng Rëtsch Projete si scho realiséiert ginn, ma et hofft een op neie Schwong an eng Participatioun vu weidere Gemengen.
"An déi Ëmsetzung kënnt natierlech awer ganz kloer, datt all Acteure mussen zesummeschaffen. Mat de Proprietären a virun allem mat de Bewirtschafter, firwat? Ma well 90% vun de Surfacen, déi hei an deem Reseau Natura 2000 dra sinn a privater Hand sinn.", esou de Gérard Anzia.
An dat bréngt och Komplikatioune mat sech, vu Contraintë wëll een awer net schwätzen. Et hätt ee bis ewell ëmmer eng Léisung fonnt an déi nei Comitéë wieren op fir jiddwer Besoin.
Fir d'Ëmsetzung vun den Natura 2000 Mesuren ze garantéieren, wëll een e "Versteesdemech" op alle Säite schafen. Mat der Ausweisung hätt een en éischte grousse Schrëtt gemaach, ma weider Opportunitéite sti virun der Dier, ewéi den Tourismus.
70.000 Hektar gi mat vum Natura 2000 uechter d'Land verwalt. Finanzéiert ginn déi verschidde Mesuren iwwert den Ëmwelt & Waasserfong.