1996 goufe ronn 1.130 Leit do ageäschert, 2022 waren et der méi wéi duebel souvill: 3.120. Mëttlerweil gi souguer ronn 70 Prozent vun den Stierffäll hei am Land ageäschert an net méi traditionell begruewen. Do stellt sech d’Fro, ob d‘Capacitéiten zu Hamm mat eisem Bevëlkerungswuesstem iwwerhaapt nach duer ginn.
Mat den zwee Iewe ginn 12 Leit den Dag a 60 Leit an der Woch zu Hamm ageäschert. 2018 gouf dunn den éischte Uewen ersat an bis Enn des Joers soll och den zweeten Uewen ersat ginn, erkläert d‘Chargée de direction vum Crematoire Steffi Weigel.
„Do fänken d‘Aarbechten elo deemnächst un an dee soll Enn des Joers fäerdeg ginn, sou dass mer vun 60 op 75 Anäscherungen d‘Woch kënnen eropgoen. An do si mer fir déi nächst Joren gutt gerüst, well mir schaffen och den Ament op enger Schicht. Do kéint een – wann ee misst - zwou Schichten souguer 3 schaffen, mä de Besoin ass den Ament net do.“
Déi nei Uewe sinn och net vu Muttwëll.
„Mir haten déi lescht Joren immens Problemer, well vill méi Leit ginn ëmmer méi schwéier an eisen alen Uewen, dee konnt just bis 130 Kilo mam Sarg anäscheren. Dat heescht eng normal Persoun, 80 Kilo an de Sarg weit tëscht 30 a 40 Kilo, da si mer scho bei enger Limitt. Mat eisem neien Uewen kënne mer Leit bis 350 Kilo anäscheren.“
Nieft den Anäscherungen goufen zejoert och 958 Streeungen gemaach an 720 Zeremonien ofgehalen. An do feel et u Plaz, erkläert den Tom Jungen President vum SICEC, dem Syndicat intercommunal, dee sech ëm d‘Gestioun an den Entretien vum Crematoire këmmert.
„Richteg ass, dass mer eis een zousätzlechen Zeremonien- an Waardesall eis ginn. An donieft hu mer duerno och nach eng Raimlechkeet, déi méi flexibel ass. Wann et wierklech drop ukéim, kéinte mer do och nach eng 3. Zeremonie parallel maachen.“ A wärend der Chantiersphas, wou gehummert gëtt, wäerte mer och mussen aner Weeër goen, fir Zeremonien ze maachen. An der Zäit wäerte mer méi op d‘Streewisen an op d‘Raimlechkeeten., déi mer am Gros vun de Gemengen hei zu Lëtzebuerg mëttlerweil hunn, zeréckgräifen.“
Och d‘Frigos-Capacitéite wäerte verduebelt ginn, präziséiert nach den Tom Jungen.