
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg, Sonndeg a Méindeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend an op Feierdeeg keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg sinn keng weider Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 1.073.
Den Ament sinn 12 Persounen hospitaliséiert, dovunner 1 Patient op der Intensivstatioun.
De Positivitéitstaux louch e Méindeg bei 3,98 Prozent.