
Eemol gouf tëscht 7 an 9 Auer an der Rue Charles Darwin an eemol tëscht 16 an 18 Auer an der Rue Isaac Newton kontrolléiert.
3 Permise goufe wéinst ze héijer Vitess direkt op der Plaz agezunn. 4 weider Persoune goufe protokolléiert, ma de Permis huet net missten direkt agezu ginn.
57 weider Chauffeuren hu missten e Protokoll bezuelen, well sech net un déi virgeschriwwe 50 Stonnekilometer gehale gouf. An 11 Fäll konnten d'Pabeieren net wéi virgeschriwwe presentéiert ginn, bei engem Auto gouf et iwwerhaapt keng gëlteg Kontroll-Pabeieren.
Da gëtt et nach en Zeienopruff wéinst engem Accident zu Lénger. E Freideg den 13. August koum et tëscht 13 an 13.30 Auer zu engem Accident an der rue de la Libération, eng Persoun gouf hei blesséiert. De Chauffeur, deen den Accident provozéiert huet, ass net op der Plaz vum Accident stoe bliwwen, ma ass a Richtung Athus weider gefuer. Beim Auto soll et sech ëm e beigen SUV mat Lëtzebuerger Placken handelen. Dësen huet beim Iwwerhuele vun engem Offallgefier en Aarbechter ganz uerg um Fouss blesséiert gouf.
Zeien oder Persounen, déi Informatiounen zu dësem Virfall hunn, respektiv Infoen iwwert de gesichte Won hunn, solle sech bei der Police vu Käerjeng/Péiteng mellen, dat um +352 244 56 1000 oder iwwer Mail op police.bascharagepetange@police.etat.lu.