
Kuerz no 22 Auer en Donneschdeg den Owend waren tëscht Éiter a Schraasseg zwee Ween anenee gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.
Weider mellt den 112 en Accident vun en Donneschdeg den Owend géint 20 Auer zu Flatzbur an der Route de Perlé. Zwee Autoen haten sech ze pake krut. Zwou Persoune goufe verwonnt.
Géint 19.20 Auer war zu Mutfert en Auto an en Trottoir gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.
Och zwee Blesséierter gouf et an engem Accident géint 18.15 Auer tëscht Maarnech a Reiler. Wéi d'Police e Freideg de Moie mellt, hat den Auto sech iwwerschloen. Béid Passagéier ware licht verwonnt, si ware ferm alkoholiséiert. Éischten Ermëttlungen no hat de Chauffer kee Permis, hie muss mat enger Plainte an engem Fuerverbuet rechnen.
Nieft dem Samu war och de Rettungshelikopter op der Plaz, sou wéi d'Rettungsdéngschter vu Klierf an Housen. Soss Detailer ginn et keng.
Géint 18 Auer waren op der A13 Direktioun Schengen 3 Autoen anenee gerannt. 1 Persoun gouf verwonnt.
Géint 17.15 Auer war zu Réimech an der Route de Mondorf e Cyclist vun engem Auto ugestouss ginn. Op der Plaz war ënnert anerem de Samu.
Zu Réiser an der Grand-Rue haten en Donneschdeg den Owend géint 21.15 Auer Botte gebrannt. D'Pompjeeën aus dem Réiserbann a vu Weiler waren am Asaz. An zu Esch an der Rue Clair-Chêne war géint 20 Auer eng elektresch Këscht a Brand geroden. Déi Escher Pompjeeën waren op der Plaz.