
Um 14.20 Auer koum et op der A7 a Richtung Stad zu enger Kollisioun tëscht véier Autoen. 8 Persoune goufe beim Accident blesséiert a koume fir eng Kontroll an d’Spidol. Op der Plaz am Asaz waren d’Ambulanzen aus der Stad, vu Jonglënster an d’Pompjeeën aus der Stad.
Zu Zolwer ass géint 16.20 Auer en Auto an eng Mauer gerannt. Hei goufen 3 Persoune blesséiert. D’Rettungsdéngschter vu Suessem/Déifferdeng a vun Esch waren op der Plaz.
Kuerz virun 20 Auer en Donneschdeg waren zu Gilsdref 2 Autoen anenee gerannt, 2 Persoune goufe verwonnt. Och bei engem Accident géint 2.30 Auer e Freideg de Moien tëschent Rodange an Éibeng goufen 2 Persoune blesséiert.