Geriicht8 Joer Prisong wéinst illegalem Trafic vu Migranten

David Winter
Him goufen am Ganzen 11 sou Tëschefäll reprochéiert. Am Prozess hat hien ausgesot, dass 7 weider Versich Succès haten.

Wéinst dem illegalen Trafic vu Migrante gouf e Mann en Donneschdeg de Moien um Dikrecher Geriicht zu enger Prisongsstrof vun 8 Joer an zu enger Geldstrof vu 7.500 € veruerteelt.

Dem Mann war virgehäit ginn, tëscht Oktober 2015 a Mäerz 2017 ëmmer nees probéiert ze hunn, fir Migrante vu Frankräich oder der Belsch aus a Groussbritannien ze bréngen.

Him goufen am Ganzen 11 sou Tëschefäll reprochéiert; am Prozess hat hien ausgesot, dass 7 weider Versich Succès haten.

Back to Top
CIM LOGO