Coups et blessures volontaires8 Persoune kruten um Méindeg de Prozess gemaach

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Mëtte gouf an der Sëtzung ënnert anerem e Video gewisen, deen deemools vun engem Taxichauffer gefilmt gouf.

Op Vältesdag 2016 war virun enger Disko an der Stad net vill Léift an der Loft! Wéinst enger Kläpperei, dunn, kréien nämlech zanter e Méindeg de Mëtten um Stater Geriicht 8 Männer vun tëscht 21 an 32 Joer wéinst Coups et blessures volontaires de Prozess gemaach, ee vun deenen 8 war net dofir ugetrueden.

Coups et blessures volontaires - Rep. Eric Ewald

Pikant un där Kläpperei ass, dass 3 vun de Beschëllegte Poliziste sinn an donieft Ex- oder nach-Zaldoten dora verwéckelt waren.

De Mëtte gouf an der Sëtzung ënnert anerem e Video gewisen, deen deemools vun engem Taxichauffer gefilmt gouf. Dorop gesäit een, wéi e puermol betount gouf, u sech déi zweet Phas vum Sträit tëscht de Polizisten a presuméierte Membere vun enger Gang aus dem Süde vum Land. D'Fro steet am Raum, ob déi d'Polizisten als Polizisten erkannt haten; allzäit soten zwee vun de Beamten aus, si wären dowéinst fir d'éischt vun deem anere Grupp ugegraff ginn, wougéint déi Leit behaapten, virop wär ee vun hire Kollege vun de Poliziste geschloe ginn. Um Video kritt ee Provokatiounen tëscht béide Gruppe mat, et gesäit een, wéi op eemol en 3. Polizist ee vun de Matugekloten ugräift, deem der gëtt, ier de Beamten der selwer kritt, a wéi en zweete Polizist mat engem Prozesszeien um Buedem läit; dee Beamten hat och um Ufank vum Video de Stil vun enger Aaxt am Grapp, deen en allerdéngs zu engem gewëssene Moment verstoppt.

Et ass also villes onkloer, an och duerch d'Auditioun vun Zeie vum Sträit gouf net méi kloer, ob d'Polizisten als Polizisten erkannt goufen an d'Situatioun dowéinst eskaléiert ass. Engem Kommissär vun der Police-Generalinspektioun no hätt ee vun de Polizisten no der Kläpperei gemengt, Zitat: „Dat gi Problemer!“, a wär deen 3. Polizist, dee senge Kollegen hëllefe komm war, voll gewiescht. Deen hätt och erkläert, hie wär eben dotëscht gaangen, hätt der, Zitat, „gudder an d'Schnëss kritt, awer och ausgedeelt“, ma hie wär net voll gewiescht. Speziell war an den Ae vum IGP-Kommissär nach, dass keng vun de Parteien hätt wëlle Plainte maachen; bei de Poliziste wär dat wuel aus méiglechen disziplinaresche Grënn eraus net geschitt.

Dëse Prozess geet en Dënschdeg virun.

Back to Top
CIM LOGO