Feier an der Rue CM Spoo zu Esch81 Joer al Fra am Spidol un hire Blessure gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Géint 7.45 Auer e Sonndeg de Moie krut d'Police e Feier an engem Haus an der Rue Caspar-Mathias Spoo zu Esch-Uelzecht gemellt.
© CGDIS

Eng Fra vun 81 Joer, déi do gewunnt huet, war vun 2 Persounen, déi op der Plaz waren, erausgedroe ginn. Si koum schwéier blesséiert an d’Spidol.

Kuerz virun 12 Auer e Méindeg de Mëtteg huet d’Police da matgedeelt, dass d’Fra an der Nuecht am Spidol un hire Blessure gestuerwen ass.

Ee vun de Pompjeeën, deen d’Fra aus dem Gebai gerett hat, wier iwwerdeems ënner Schock a gouf hospitaliséiert, genee esou ewéi e Komerod, dee blesséiert gouf. D’Police enquêtéiert iwwert d’Ursaache vum Brand.

Den Escher Buergermeeschter Georges Mischo sot iwwerdeems géigeniwwer RTL, datt ronn eng Dose Leit misste relogéiert ginn, well de Materialschued héich an d’Haus komplett ofgebrannt wier. A priori géife si elo mol an en Hotel kommen. Nieft den Awunner vum betraffene Gebai hunn och d’Leit, déi an den Nopeschhaiser wunnen, missten evakuéiert ginn.

D’Stroossen an der Géigend hu wéinst dem Pompjeesasaz misse gespaart ginn. Op Biller an de soziale Medie waren héich Flamen um éischte Stack an eng staark Dampentwécklung ze gesinn.

Iwwert d’Brandursaach ass zu dësem Ament nach näischt gewosst.

Nieft de Pompjeeë vun Esch waren och hir Kolleege vu Rëmeleng, Keel, Monnerech, dem SarDiff an der Stad am Asaz. Donieft zwou Ambulanzen an de Samu.

RTL-NEWS: Gréissert Feier an der Rue CM Spoo zu Esch

Back to Top
CIM LOGO