
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
Aktuell sinn 29 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien zwee Patienten op der Intensivstatioun. Iwwert de Weekend sinn zwou Persounen a Verbindung mam Virus gestuerwen. Am Ganze goufe bis ewell 1.290.944 Impfdosisse genotzt.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,10. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 17,17 Prozent. Vu 467 PCR-Tester waren der e Sonndeg 80 positiv. E Samschdeg goufen 288 Persoune positiv getest, e Freideg waren et der 493.