
Dat ass e Véierel méi wéi d’Woch virdrun. De Woche-Bulletin schwätzt eng kloer Sprooch, well et d’lescht Woch bal 1.800 méi Covid-Positiver gouf wéi Mëtt Mäerz.
D’Altersmoyenne vun dëse Leit bleift stabel bei 36 Joer. All drëtte Covid-Positiven huet sech an der Famill ugestach, all Fënneften an der Schoul a just 5% op der Schaff.
A propos Schoul: d’lescht Woch goufen 3.100 Jonker positiv getest - 1.800 an der Grondschoul a bal 1.400 an de Lycéeën.
32 Leit leie mam Virus an de Spideeler, 4 op der Intensivstatioun, dës Leit sinn an der Moyenne 55 Joer al. 17 Persoune sinn d’lescht Woch mam oder um Covid verscheet, an der Moyenne waren d’Affer 78 Joer al.
D’lescht Woch ware ronn 19.000 positiv Persounen an der Isolatioun an eng Dosen an der Quarantän.
Natierlech geet mat dëse Chifferen och den Inzidenz-Taux fir 100.000 Awunner op 7 Deeg an d’Luucht: an zwar vun 1.230 op ronn 1.500 Fäll. Den effektive Reproduktiounstaux geet vun 1,12 op 1,18 erop.
Et gëtt och weider geimpft: aktuell si bal 472.000 Leit komplett geimpft - dat ass en Taux vun 78,5% fir d’Persounen iwwer 5 Joer, déi sech kënnen impfe loossen.
D’Prevalenz vun de Virus-Tracen an den 13 Kläranlage bleift iwwerdeem op engem héijen Niveau.