
Virun engem Mount, samschdes, den 29. Februar, hat et op engem Juegdlous bei Iechternach eng Privatjuegd op Muffele ginn - déi Déieren, déi jo an de Bëscher fir eng ganz Partie vu Schied un de Planzen suergen.
Bei dëser Juegd goufen 9 Muffele geschoss. Dat preziséiert d'Ministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Nofro vum Marc Goergen vun de Piraten.