chd.lu9 nei Petitioune kënnen ënnerschriwwe ginn

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg soll nees beim Eurovisioun Songcontest matmaachen, Strofe fir Verbreedung vu Fake-News oder Subventioune fir privat Gréngfläche gi gefuerdert.

9 nei Petitiounen kann ee vun elo un um Internetsite vun der Chamber ënnerschreiwen.

  • Wann een eng falsch Informatioun am Internet verbreet, soll dat bestrooft ginn.
  • Lëtzebuerg soll den Etat d'urgence beim Klima ausruffen.
  • Eng Chamber fir Frontaliere gëtt gefuerdert.
  • Vun 2025 u solle Kuerzstreckevollen ënner 1000 Kilometer verflichtend reduzéiert ginn.
  • Eng Petitioun fuerdert de Comeback vu Lëtzebuerg beim Eurovisioun Songcontest d'nächst Joer.
  • An der Petitioun N°1300 gëtt eng sécher an direkt Ubannung vun der N10 un d'N7 zu Maarnech beim Geschäftszenter gefuerdert.
  • Elektroautoe sollen dierfen op de Busspure fueren an op de Carpooling-Spuren, wann een also zu méi an engem Auto ass, op den Autobunnen.
  • D'Enseignementsmethoden solle reviséiert ginn, op Basis vun den neisten Erkenntnisser an den Neurowëssenschaften. Eng Formation continue fir Enseignante soll obligatoresch ginn.
  • Zu gudder Lescht freet dann nach e Petitionär, dass et Subventioune fir privat Gréngfläche solle ginn.

6 Wochen huet een elo Zäit eng oder méi Petitiounen um Internetsite vun der Chamber z'ënnerschreiwen. Wéi ëmmer gëllt: komme méi wéi 4'500 Ënnerschrëften zesummen, gëtt am Parlament driwwer diskutéiert.

Back to Top
CIM LOGO