Policekontroll a Bistroen zu Dikrech an EttelbréckA 4 Fäll gouf sech net un d'Gesetz gehalen, 4 Clienten haten Droge bei sech

RTL Lëtzebuerg
De Weekend hat d'Police mat 12 Beamten an 2 Drogespierhënn eng grouss ugeluechte Kontroll an e puer Lokaler zu Dikrech an zu Ettelbréck duerchgefouert.
Kontrolle gouf et de Weekend ënnert anerem zu Diekrech.
Kontrolle gouf et de Weekend ënnert anerem zu Diekrech.
© Domingos Oliveira / RTL

Tëscht 22 an 2.30 Auer gouf an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg gekuckt, ob sech an de Caféen un d’Reegel gehale gouf, respektiv d’Personalie vun de Gäscht goufe kontrolléiert.

A véier Bistroe goufe Verstéiss géint d’gesetzlech Bestëmmunge festgestallt. E Café zu Ettelbréck huet no der Kontroll missen zoumaachen, well zum Zäitpunkt vun der Kontroll keng responsabel Persoun mat Zap-Lizenz sur place war. De Bedreiwer krut dowéinst e Protokoll an de Parquet zu Dikrech gouf informéiert.

Bei véier Clienten hunn dogéint d’Drogenhënn ugeschloen. An zwee Fäll war d’Fouille positiv an et goufen am Ganzen 73,2 Gramm Haschisch séchergestallt. Géint dës Persoune ginn et juristesch Suitten. ënnert de Clienten waren awer och nach véier Persounen, déi wéinst geriichtlechen a ministerielle Signifikatiounen, ordonéierten Iwwerpréiwungen, landeswäit signaléiert waren.

Back to Top
CIM LOGO