
Wann eng weider Indextranche misst verréckelt ginn, mussen d’Regierung an d’Sozialpartner sech nach emol un den Dësch sëtzen. De Patrick Dury huet och erkläert, datt fir d’Indextranche vun August, respektiv Juni, déi verréckelt gëtt op den Abrëll d’nächst Joer, Kompensatiounsmesurë virgesi goufen: nämlech d’Steierkreditter, déi besonnesch déi kleng- a mëttel Revenuen entlaaschten. De Patrick Dury betount: wa méi ewéi eng Indextranche muss verréckelt ginn, da kënnt d’Tripartite nees zesummen.
Mir hunn och de Patrick Dury gefrot, ob hien et normal fënnt, datt de liberale Premier Xavier Bettel zu Réimech op der 1.Mee-Feier vum LCGB mat dobäi war. D’Äntwert dorobber war, dass jorelaang och en CSV-Premier den 1. Mee beim LCGB-Fest war. Och do wieren et Commentairë ginn. Et wier een awer frou gewiescht, dass e komm ass, et wieren och nach aner Leit vun anere Parteien do gewiescht. Et hätt een awer aner Problemer, wéi sech mat Presenze vun der Politprominenz op Familljefester ze beschäftegen.
Tripartite-Kommissioun: Ginn d’Mesuren aus dem “Solidaritéitspak” nach duer?
Franz Fayot: “Keng Indextranche wäert annuléiert ginn”