Aus dem PolicebulletinZwee Männer festgeholl a protokolléiert, nodeems si um Cents un Autosdiere klensche waren

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt an hirem Policebulletin a puer Abréch an 110 Fäll, wou si wéinst Streidereien oder dem Stéiere vun der Nuetsrou am Asaz waren.
© Laurent Weber

An de leschte 24 Stonne krut d'Police eng Partie Abréch gemellt. E Samschdeg sinn Onéierlecher an Haiser am Soibelwee zu Mutfert an an der Rue Aloyse Hentgen zu Riedgen geklommen an hunn do eng Partie Raim duerchsicht. Um Stater Boulevard de la Foire an am Muhlenweg zu Gaasperech goufen iwwerdeems d'Fënstere vun Autoe futti geschloen, fir an d'Gefierer ze kommen.
 
Géint 4:20 Auer an der Nuecht op e Sonndeg krut d'Police iwwerdeems gemellt, datt zwee Männer an der Allée du Carmel um Cents un Autosdiere klensche géingen. Eng Patrull konnt net wäit ewech bei engem Busarrêt an der Rue de Cents zwee Männer lokaliséieren, op déi d'Beschreiwung gepasst huet. Si goufen op de Policebüro matgeholl an et gouf ënnert anerem ee Protokoll geschriwwen.

Da war d'Police iwwer d'Nuecht och 110 Mol gefuerdert, well d'Nuetsrou gestéiert gouf, well et zu Streidereien oder esouguer Kläppereie koum. An de meeschte Fäll hat sech d'Saach scho berouegt, wéi d'Beamten ukoumen, respektiv konnten d'Polizisten d'Saach séier op der Plaz klären. An engem Fall an der Stad awer huet d'Police wéinst haislecher Gewalt de Parquet missten informéieren an déi beschëllegt Persoun huet eben op Uerder vum Parquet missten d'Raimlechkeete verloossen.

Eng Nuecht am Passagearrest gouf et da fir eng Persoun, déi an engem Bistro an der Rue Victor Hugo zu Esch Gäscht beleidegt huet. D'Polizisten hu festgestallt, datt de Mann ze vill gedronk hat an eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet. Dowéinst huet een e matgeholl. Déi obligatoresch Visitt beim Dokter war natierlech och virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO