
Den 1. Mee ass et souwäit. Vun dem Dag un ass et erëm erlaabt, an déi oppe Gewässer schwammen ze goen. D'Saison dauert bis den 30. September. Am Virfeld dovu mécht d'Waasserwirtschaftsamt ëmmer eng ganz Partie Analysen, fir ze kucken, wou een däerf schwammen a wou net.
Am Stauséi, dem Séi zu Wäisswampech an de Baggerweieren zu Rëmerschen, kann een ouni Bedenke schwamme goen.

Informatiounen iwwert déi aktuell Situatioun vun den oppene Gewässer kritt een um Internetsite vum Ëmweltministère.
Observatiounen, Virschléi a Reklamatiounen a punkto Waasserqualitéit vun oppene Gewässer, an déi ee ka schwamme goen, sinn un den Ëmweltministère ze riichten. Entweder per Email un d'Adresse baignade@eau.etat.lu oder per Post un de Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable, L-2918 Lëtzebuerg.