Referendum iwwert d'VerfassungA wéi enger Gemeng si wéi vill Ënnerschrëften zesummekomm?

RTL Lëtzebuerg
Vill Zousproch gouf et an der 1. Tentative, fir e Referendum iwwert d'Verfassung unzefroen, ë.a. an de Gemenge Suessem, Déifferdeng an Diddeleng.

Bis ewell si jo 3 Versich gescheitert, fir e Referendum iwwer d’Verfassung unzefroen. Wéi de Staatsministère rezent matgedeelt huet, goufen et fir den drëtten Deel just 964 valabel Ënnerschrëften op de Gemengen. 25.000 wieren der néideg gewiescht.

De Staatsministère huet elo genee Zuele publizéiert, opgeschlësselt no Gemengen. Do fält zum Beispill op, datt bei der éischter Tentative déi meeschten Ënnerschrëften an der Gemeng Suessem beienee koumen, nämlech 479.

An der Stad Lëtzebuerg waren et der 373.

Bei der drëtter Initiativ goufen et an e puer Gemenge guer keng Ënnerschrëften, nämlech zu Schieren, Groussbus, Fluessweiler an Esch-Sauer.

Déi Zuele liwwert de Xavier Bettel dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser op eng parlamentaresch Fro.

Back to Top
CIM LOGO