Dat sot de Frank Engel vun der CSV de Mëttwoch de Mëtteg als Reaktioun op d'Aussoe vum Serge Wilmes. Hie war och Invité am RTL-Journal um 19.30 Auer.

Deen hat de Mëttwoch de Moien e puer ganz pickeg Aussoen an Direktioun vum Parteipresident gemaach. Wou ass de Projet vum Frank Engel, freet sech de Stater Schäffen. Hie selwer hätt ee Projet gehat. De Serge Wilmes sot weider, et wier him ëm d'Partei gaangen an net ëm sech selwer. De Frank Engel hätt wuel awer éischter d'Spëtzekandidatur 2023 am Ae gehat. Och op d'Fro, wéi een d'Partei nees wéilt zesummebréngen, huet de Serge Wilmes kloer Wierder fonnt. Amplaz eng knallhaart Oppositioun bräicht een eng intelligent Oppositioun, bei där Alternative proposéiert ginn a mat där een no bei de Leit ass.

De Frank Engel sot sech am RTL-Interview enttäuscht. Hie war ee Mount nom Kongress dovunner ausgaangen, datt d'Partei sech zesummegerafft hätt an datt ee versiche géing zesummen no vir ze kucken. Datt de Mëttwoch de Moie vun enger Spëtzekandidatur geschwat gouf, versteet de Frank Engel net a mengt, datt wann de Serge Wilmes dat net sou formuléiert hätt, wahrscheinlech ni een dovu geschwat hätt.

"Et huet een déi Wal gewonnen an een net - an deen, dee se gewonne huet, huet déi Partei elo ze féieren", esou de Frank Engel weider. De Frank Engel ass enttäuscht iwwert den Optrëtt vum Stater Schäffen. Den Tëscheruff vun de Mëttwoch de Moien huet näischt mat der allgemenger Stëmmung ze dinn, et gëtt eng Dynamik an Opbrochstëmmung an der Basis, fir zesummen d'Kar aus dem Dreck ze zéien, sot de Frank Engel e Mëttwoch den Owend am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg.

De Frank Engel sot donieft am RTL-Interview, datt hien net wëlles hätt, sech mat esou Aussoen wéi déi vum Serge Wilmes ze beschäftegen, datt hien d'Partei erëm méi relevant fir d'Leit wéilt maachen an datt et eng grouss Bereetschaft queesch duerch d'Partei géing ginn, fir no vir ze kucken.

Wat leeft intern?

De Coup de Gueule vum Wilmes iwwerrascht, och parteiintern. Frou ass een och net, well et riskéiert der Partei ze schueden. Nëmmen, Kritik un den Engel gëtt et an den eegene Reien net just vu Säite vum Wilmes.

Ugeeckt huet de Fränk Engel wéi en – wéi et heescht ouni Ofschwätze mat der Fraktioun – Alleingäng gemaach huet. Hien huet dofir plädéiert, datt op EU-Niveau net méi Eestëmmegkeet erfuerdert wier, och bei Steierfroen. Och net frou war ee mat senger Ouverture fir e Walrecht fir EU-Bieger.

Et héiert sech eng schlecht Ambiance an der Partei eraus. D’CSV ass déi gréisst Partei hei am Land, se zesummenhalen war nach ni evident. Mam Claude Wiseler war nach op „Equilliber“ gesat ginn, tëscht engem mi liberalen an weltoppenë Fliggel op der enger Säit an op der anerer Säit engem méi konservativen Fliggel. Mam Claude Wiseler war d’Muecht awer och an der Fraktioun.

De Fränk Engel ass net Deputéierten, mee trotzdem bei Fraktiouns-Sitzungen derbäi. Et schéngt, wéi wann hien awer nach seng Plaz do misst fannen.