47,9 Prozent vun de Residenten hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit, Ufangs den 1960er Joren waren et ronn 13 Prozent.

Lëtzebuerg ass en Immigratiounsland. Entretemps huet bal d’Hallschent vun den Awunner net déi Lëtzebuerger Nationalitéit.

De Statec huet sech a sengem demographeschen Atlas mat de konkrete Chiffere befaasst. Wéi hunn d'Zuelen iwwert d'Joerzéngten evoluéiert a wéi ass déi geografesch Verdeelung vun den auslännesche Residenten zu Lëtzebuerg? Ënner anerem déi Froen huet de Statec  beäntwert.

AUDIO: Statec: Lëtzebuerger knapp an der Majoritéit / Pit Everling

Op den éischte Januar zejoert  haten hei am Land 313.771 Persounen d'Lëtzebuerger Nationalitéit. 288.234 Leit haten en anere Pass. Auslännesch Residenten hunn domat 47,9% vun der Gesamt-Bevëlkerung ausgemaach.

De Statec beschreift eng staark Evolutioun iwwer d'Joerzéngten. Ugangs de 60er hunn d'Auslänner zu Lëtzebuerg ronn 13 Prozent vun der Populatioun ausgemaach.

D'Lëtzebuerger sinn an hirer Unzuel zënter 1961 ëm 14,7% gewuess, d'Auslänner ëm 594,5%, also 40 Mol méi.

An 11 Gemenge sinn d'auslännesch Residenten an der Majoritéit. Um Podium steet do d'Gemeng Lëtzebuerg mat gutt 70%, duerno kënnt Stroossen mat 62%, d'Fiels mat 58%, nach duerno kommen der Rei no d'Gemengen Esch, Déifferdeng, Bartreng, Hesper, Walfer, Koplescht, Mamer a Wolz.

Dem Statec no géing et opfalen, datt auslännesch Residente sech virun allem an de méi groussen a mëttlere Stied néier loossen. Eng aussergewéinlech Situatioun gëtt et iwwerdeems an der Gemeng Fiels. 44% vun de Leit déi do gemellt sinn, hunn déi portugisesch Nationalitéit.

A Prozenter ausgedréckt liewe verhältnisméisseg wéineg Leit mat auslänneschem Pass am Kanton Réiden.
Déi gréisste Majoritéit hunn d'Lëtzebuerger zum Beispill an der Gemeng Wal, si maachen do bal 80 Prozent aus, duerno kënnt Useldeng. An där Lëscht fanne mer och d'Gemeng Reckeng op der Mess aus dem Kanton Esch a Géisdref aus dem Kanton Wolz.

De Statec präziséiert, datt bei den Zuelen d'Leit mat duebeler Nationalitéit als Lëtzebuerger consideréiert ginn an datt en Net-Lëtzebuerger net onbedéngt en Immigrant ass, mä datt dësen zu Lëtzebuerg ka gebuer sinn.