An der Nuecht op e Sonndeg goufen um 23.45 Auer 2 CFL-Mataarbechter vu ronn 10 Jugendlechen zesummegeschloen. Spéider krut en Zuch e Metallstéck ze paken.

Den Zuch vu Waasserbëlleg op Lëtzebuerg war grad an d'Gare zu Éiter eragefuer, wéi de Schaffner Leit op de Schinne gesinn huet. Nodeems hien déi Jugendlech opgefuerdert huet, dës aus Sécherheetsgrënn ze verloossen, sinn déi op de Mann duergelaf an hunn ouni Grond op hien ageschloen.

AUDIO: Suivi Attack op CFL-Mataarbechter / Reportage Maxime Gillen

Och op de Maschinist, dee sengem Aarbechtskolleg hëllefe wollt, gouf geklappt. No der Dot sinn déi Jugendlech, déi tëscht 16 an 18 Joer al solle gewiescht sinn, fortgelaf.

Béid Persoune koume mat der Ambulanz an d'Spidol. Eng Enquête leeft.

Bei der Bunn souz de Schock och nach um Méindeg déif. RTL war am Laf vum Moien op der Plaz a huet mat Aenzeie geschwat. Op d'mannst 4 vun deene 10 Jugendlechen, déi bedeelegt waren, hu Lëtzebuergesch geschwat. Ee vun hinne soll un der Hand blesséiert gewiescht sinn. D'Police war e Méindeg de Moien op der Plaz, fir Bluttspure vun de presuméierten Täter ze sécheren.

AUDIO: Suivi Attack op CFL-Mataarbechter / Reportage Maxime Gillen

Lescht Joer gouf et méi wéi 50 kierperlech Attacke géint Personal am ëffentlechen Transport. Derbäi komme Frechheeten, Menacen a Belästegungen.

Syprolux reagéiert op de brutale Virfall an der Nuecht

Aus hirem Communiqué geet ervir, dass an där selwechter Nuecht op där Streck Onbekannter en 1 Meter an 20 Zentimeter breet Metallstéck op d'Schinne geluecht haten. En Zuch, deen dëst Stéck ze pake krut, huet missen eng Noutbremsung maachen a koum beim Arrêt zu Mënsbech un d'Halen.

Et gëtt net ausgeschloss, dass een Zesummenhang zum Virfall zu Éiter besteet. Syprolux weist drop hin, dass esou eng Dot schro Suitte kann hunn.

Datt 2 CFL-Mataarbechter zesummegeschloe goufen, veruerteele si op d'Schäerfst. Déi fir d'Dot responsabel Jugendlecher misste sou séier wéi méiglech ermëttelt ginn a zur Rechenschaft gezu ginn. Si betounen, dass et un der Zäit wier, dass d'Politik sech mat esou Virfäll befaasst a sech asetzt, fir d'Leit, déi am ëffentlechen Transport schaffen, besser ze protegéieren.

Och d'CFL hunn um Sonndeg den Owend reagéiert

D'CFL wier schockéiert vum Tëschefall, een Akt, dee si veruerteelen. Et gëllt et elo den Affer sou gutt ewéi méiglech ze hëllefen erëm op d'Been, a méi spéit och erëm an hire Beruff eranzekommen. Si maachen iwwerdeems eng Plainte.

"Les CFL sont bouleversés et choqués par l’agression dont deux de leurs collègues ont été victimes dans la nuit du samedi au dimanche 17 mars 2019 aux alentours de la gare d’Oetrange. Dans l’exercice de sa fonction, l’accompagnateur de train a demandé à un groupe de jeunes, se trouvant à proximité immédiate des voies, de les quitter immédiatement vu le risque évident pour leur vie. En réponse, les adolescents ont attaqué l’accompagnateur de train, ainsi que le mécanicien lui venant en aide. Blessés, les deux agents ont dû être transportés à l’hôpital. Les CFL condamnent ce comportement parfaitement inacceptable vis à vis de ses agents qui travaillent quotidiennement pour garantir la sécurité des clients.

Les CFL mettront tout en œuvre pour encadrer et soutenir les agents blessés ainsi que leurs familles.

Les CFL déposeront également plainte contre cet acte inadmissible."

D'Affer vun e Samschdeg géifen elo komplett encadréiert ginn, erkläert d'Porte-Parole vun den CFL, Alessandra Nonnweiler.

"Mir maachen eng ganz Prise-en-charge wann esou en Incident geschitt. Am Fall vun e Samschdeg ass de Coach vum concernéierte Kontroller och direkt bei hien an d'Klinik gaangen. Ech kann och soen, déi zwee sinn aus der Klinik eraus. Ma déi blo Plazen ass eppes, wéi et de Leit   bannendra geet, doriwwer maache mir e ganze Suivi. Mir hunn och eng ganz Prozedur wéi méi déi Leit en charge huelen."

Muer de Moie kommen d'Gewerkschaften an d'Generaldirektioun vun den CFL zesummen, fir iwwer d'Evenementer vum Weekend ze schwätzen an eventuell Mesuren ze huelen.

François Bausch: inakzeptabel

Och de Mobilitéitsminister François Bausch huet sech e Sonndeg den Owend op Facebook schockéiert gewisen. Dat wat bei den CFL geschitt ass, wou zwee Mataarbechter brutal zesummegeschloen goufen, wier total inakzeptabel, sou de Minister. De François Bausch hofft eegenen Aussoen no, dass déi 2 CFL-Beamten sech séier vun hire Blessuren erhuelen. Et wier traureg wat do geschitt ass.

FNCTTFEL-Landesverband stellt Fuerderungen un d'Regierung

D'Hemmschwell vun der Aggressivitéit an eiser Gesellschaft wier am Gaangen erofzegoen. Et wier elo un de Minister ze reagéieren an esou Dote konsequent ze bestrofen an donieft d'Sécherheet fir d'Personal am ëffentlechen Transport ze verstäerken.

Datt d'CFL eng Plainte mécht, géif ee begréissen. En Dënschdeg de Moien hu sech d'Gewerkschaften an d'CFL Rendez-vous ginn, fir d'Faiten nach emol ze beschwätzen a Moossnamen ze decidéieren.