3.000 nei Fäll vu Kriibs ginn all Joer hei am Land depistéiert. Bal jidderee kennt een oder méi Betraffener. Erwuessener, Jonker oder Kanner.

E puer vun hinne wäerten dëse Samschdeg den Owend op der Tëlee an der grousser Télévie-Ofschloss-Sendung hir Geschicht erzielen. Mir weisen Iech elo schonn en Ausbléck op eis "Helden" vun deem Dag.

D'Diane Wunsch, d'Coordinatrice vum Télévie war dann och en Donneschdeg den Owend eis Invitée am Magazin op RTL Télé Lëtzebuerg.