Zanter engem Joer elo gëtt et de Kierchefong, deen de Besëtz vun der kathoulescher Kierch hei am Land geréiert.

AUDIO: Bilan Kierchefongen / Reportage Roy Grotz

“Mir si keng Promoteuren”. Dat soten den d’Administrateure vum Kierchefong en Dënschdeg virun der Press, wou e Bilan no engem Joer Bestoe gezu gouf. De Fong geréiert zesumme mat den 105 fréiere Kierchefabricken d’Kierchegebaier an hir Immobilien. Opgrond vum deieren Ënnerhalt vun de Kierchen, huet de Fong no engem Joer en Defizit vun 2,5 Milliounen Euro verzeechent. Fir op schwaarz Zuelen ze kommen, zielt de Bistum op Done vun de Leit an op de Rendement vu sengen Immobilien.

De Kierchefong huet betount, datt een de Recetten aus den Immobilien och d'Käschten misst entgéintstellen. Wat déi sëllech Projeten am Beräich vum subventionéierten oder abordabele Wunnraum, do läich de Rendement och just bei engem Prozent.

Alles an allem gehéieren dem Kierchefong 160 Gebaier, dorënner Versammlungsraim, Büroen a Wunnengen. Donieft sinn et 408 Hektar Bësch an 1.500 Hektar Terrain, dovunner sinn de gréissten Deel Felder, wouvu verschiddener an d'Bauperimeter vun de Gemenge kéinte kommen. Fir de Verglach: 1.500 Hektar entsprécht der Fläche vun der Stad Esch oder e Bësse méi wéi engem Véierel vun der ganzer Stad Lëtzebuerg.

De gesamte Wäert vum Patrimoine vum Bistum gouf een net gewuer. Net, well ee net wéilt, mä well et komplizéiert an deier wier, all eenzel Stécker evaluéieren ze loossen. D’Gesamtkonzept wier souwisou dee Besëtz ze halen, wier de Marchéswäert irrelevant, sou déi Responsabel vum Kierchefong.

De Fong steet sech awer gutt an notéiert bal 16 Milliounen Netto-Liquiditéiten op engen 850 Bankkonten. En Dënschdeg de Moien huet et och geheescht, datt een an Zukunft nei Ressource wéilt sichen, datt méi Done musse mobiliséiert ginn a plazeweis Käschte mussen agespuert ginn.

De Kierchefong huet sech aktiv déi lescht Méint an de soziale Wunnengsbau engagéiert, dat mat engen 35 Wunnengen, déi gebaut goufen, mat engen 85 Logementer, déi aktuell am Bau sinn a mat net manner wéi 250 Wunnengen, déi geplangt sinn. Elleng déi geplangt Wunnenge stellen en Invest vun 100 Milliounen Euro duer.

Zréckzebehalen ass, dass no der Trennung vu Kierchen a Staat, der kathoulescher Kierch nach 135 kierchlech Gebaier gehéieren, eng 350 sinn d'Proprietéit vu Gemengen an 22 Kierche ginn dem Fong via Konventioune vu Gemengen zur Verfügung gestallt.

D’lescht Joer goufen dann och 3 Kierchen a Kapellen entweit. Dat waren Kapelle zu Weyer bei Fëschbech an eng Kierch zu Zowaasch. Béid Haiser waren a Gemengebesëtz. Eng Kapell a Privatbesëtz am ale Schlass vun Aansebuerg gouf op Demande vum Proprietär desaffektéiert.