Wéinst Brutalitéit géint Flüchtling: 5 Poliziste suspendéiert

© RTL Grafik
Et gi weider Detailer an der Affär vun Esch, wou e Mann vu Poliziste geschloen an uerg verwonnt gouf.
Mëtt Februar huet e Polizist zu Esch en Auslänner béis geschloen. Dem Mann seng Blessure si schlëmm. Dat ass d'Resultat vun eise Recherchen.
D'Affär war bekannt ginn duerch e Communiqué vum Parquet, wou net vill Detailer drastoungen. Ëmmerhi krut een d'Informatioun, datt 5 Poliziste beim Untersuchungsriichter waren an ee Polizist am Prisong ass, well en eng Persoun maltraitéiert a blesséiert hätt.
D'Affär huet antëscht den Tour duerch d'Policekreesser gemaach:
An engem Café wier e volle Mann opgefall, deen, wéi de Parquet geschriwwen hat, déi aner Clienten importunéiert hätt. No engem Uruff koume 5 éischter jonk Polizisten op d'Plaz an huelen de Mann mat. Deen hat awer esouvill gedronk, datt se sech froen, ob se hien einfach an d'Ausniichterungszell stieche kënnen. Fir dat ze klären, fuere si mat him an d'Escher Spidol.
Den Dokter am CHEM seet, dat wier an der Rei, de Mann kéint an d'Cellule de dégrisement kommen. Wéi d'Polizisten du mat dem Mann aus dem Spidol erausginn, geschitt et am Schleiseraum vun den Ambulanzen. Ee vun de Poliziste schléit de Mann mat der Fauscht därmoossen an d'Gesiicht, datt deem säi Kifer brécht, säin A gëtt blesséiert. Si huelen hien trotzdeem mat a spären hien an. Dono schreiwe si hir Rapporten.
Deen anere Moie fënnt déi nächst Ekipp de Mann. Dee läit a sengem Blutt an der Zell a muss bei den Dokter. Wat dat ubelaangt, et ass nach net kloer, ob de Mann säin Aliicht behält oder eben op deem A blann gëtt. De schwéier blesséierte Mann mécht Plainte.
An d'Enquête vun der Police vun der Police fänkt un. Déi vun der IGP froen natierlech am Spidol no, wat do an där Nuecht lass war. Si stelle fest, datt d'Iwwerwaachungskamera vum Spidol Deeler vum Tëschefall am Schleiseraum gefilmt an opgeholl huet. An déi vun der IGP stelle wuel fest, wéi een héiert, datt hir Kollegen eppes aneschtes soen an an hire Rapporten eppes aneschtes geschriwwen hunn, wéi dat, wat op de Biller ze gesinn ass.
Dat erkläert, wat dono geschitt: Perquisitioune bei de 5 Polizisten, moies um 6 Auer, a si ginn op dem Kommissariat verhaft an an Handschellen ofgefouert. Se kommen an de Prisong op Schraasseg. Wou si eng Nuecht laang sëtzen an de presuméierte Boxer bleift weider do: Haftbefeel, mandat de dépôt, heescht dat am juristesche Jargon vum Parquet-Communiqué. Si alle Fënnef goufe vum Déngscht suspendéiert.
Bleiwen awer natierlech nach ganz vill Froen. Firwat huet de Polizist de Mann esou schlëmm geschloen? E Motiv, héiert een, wier bis ewell net bekannt. A firwat hunn d'Kollegen hire Kolleg gedeckt? Eng Äntwert wier dës: Hie soll de Chef vum Grupp gewiescht sinn. Falsch verstanene Corps-Geescht a Gehorsam, nach ëmmer?
D'Victime ass iwwregens e Mann ugangs 40, hien ass en Auslänner, e syresche Flüchtling, deen aus dem Krich fortgelaf ass an zu Esch de Kifer gebrach krut.