D'Associatioun ANESEC zu Lëtzebuerg bréngt fréier, aktuell an zukünfteg Studente vun de Wirtschaftswëssenschafen zesummen.

Zil vun der ANESC: E Reportage vum Chris Meisch

"Eng Bréck tëscht Studium an Aarbechtswelt schafen", dat ass d‘Zil vun der ANESEC, der Association Nationale des Étudiants en Sciences Économiques et Commerciales. D'ANESEC ass eng national Studentenassociatioun fir d‘Beräicher vun de Wirtschaftswëssenschaften a vertrëtt d’Interessie vun de Studenten. Fir d'lescht war si op der Studentefoire, wou interesséiert Schüler d’Méiglechkeet kruten, sech iwwer d’Studiegäng an d’Aarbechtsméiglechkeeten am Beräich Ekonomie a Finanzen ze informéieren.

D'ANESEC bréngt Studenten zesummen, andeems si zesumme mat renomméierte Partner Evenementer organiséiert, fir Reseauen opzebauen an d‘Karriäre vun de Studenten ze ënnerstëtzen. Gegrënnt gouf d‘Associatioun an de fréien 80er Joren. Mëttlerweil zielt si iwwer 500 Memberen. Déi sinn esou international, wéi d‘Ekonomie u sech a kommen aus Europa, den USA an ënner anerem esouguer Hong Kong. Op der Studentefoire, sou d‘Kopresidentin Anne Diederich, gouf de Schüler erkläert, wou se studéiere kënnen, a wat fir Ënnerscheeder et tëscht de Fakultéite ginn:

"An da bei de Studente selwer kënnt oft d‘Fro: 'wou ginn ech am Summer schaffen, wou kann ech villäicht ee Stage fannen?' An dann ass do d‘Uleies ganz oft, dass et manner Studentenjobs zu Lëtzebuerg ginn, dass do bëssi eng Penurie ass. Dee Problem probéiere mir och unzegoen an do nei Méiglechkeeten ze schafe fir d‘Studenten, genau esou wéi fir d‘Schüler."

D‘Membere vun der ANESEC si gréisstendeels selwer nach Studenten a versichen, e Reseau opzebauen, fir sech mat anere Studenten auszetauschen, fir ze kucken, wou se dru sinn a wou se Hëllef brauchen. Esou wéi de Kevin Freitas. Hien ass Kopresident vun der ANESEC an erkläert, datt et virun allem drëms geet, eng Bréck tëscht Studium an Aarbechtswelt ze schafen.

"Dat heescht mir maachen dann ëmmer Eventer, wou mir dann de Studenten d‘Méiglechkeet ginn, no un d‘Firmen ze kommen, a mat hinnen direkt a Kontakt ze kommen a sech dann eng Verbindung opzebauen an och do dann en éischte Lien mat der professioneller Welt ze netzen. An da kënne si och, vue dass et an der Ekonomie ganz oft vill Stagen an Interviewe kommen, eng éischt Erfarung mat Online-Interviews maachen, a wéi se sech virbereede sollen. Mir maachen dann dat Bescht fir si sou gutt virzebereeden, wéi méiglech."

Iwwer d’Joer organiséiert d’ANESEC verschidden Eventer, wéi zum Beispill de "Career Opportunity Day" oder d'"Business Days", déi dëst Joer vum 10. bis den 12. Dezember sinn, erkläert d‘Anne Diederich. Een Event, dee komplett online organiséiert gëtt:

"An do hunn dann eis Memberen d‘Chance, 15 Minutten Interviews one-on-one mat eise Partnerfirmen ze halen. Dat geet ganz einfach, do kann ee sech als Student bei eis umellen, déi Umeldunge ginn den 13. November op. Dat geet da wierklech vu bis, aus dem Banking, Consulting oder och staatlech Institutiounen. Do kann een och einfach hikommen, wann ee bëssi méi Informatiounen iwwer d‘Firme wëll kréien oder sech och villäicht scho presentéiere wëll, fir ee Stage oder Studentenjob."

Fir d’Zukunft plangt d’ANESEC hir Presenz nach weider auszebauen an nach méi Studente mat Entreprisen a Kontakt ze bréngen. Donieft ginn och d’Themen Nohaltegkeet, digital Kompetenzen an d'Aktivitéiten integréiert, fir d’Studenten optimal op d’Verännerunge vun der Aarbechtswelt virzebereeden.

D'ANESC wäert och am Fréijoer um "Career Opportunity Day" sinn, wou si individuell Gespréicher tëscht Studenten an Entreprisen organiséieren, fir sech iwwer Stage-, Studenten- a Karriärsméiglechkeeten ze informéieren an direkt éischt Kontakter mat Firmen aus verschiddene Beräicher ze knäppen.