RTL-Recherchen hunn erginn, datt de Mann Co-Gerant vun engem Betrib zu Déifferdeng war.

D’Spezial-Unitéit vun der Police hat den 29-Järegen e Freideg zu Zolwer op oppener Strooss a sengem Auto ausgebremst a festgeholl. Hie soll 2014 déi kalabresch Mafia 'Ndrangheta zu Siderno vu sengem Papp iwwerholl hunn.

De Mann war eréischt rezent op Lëtzebuerg komm an de Joel Detaille ass der Fro nogaangen, firwat:

AUDIO: Italienesche Mafioso vun Zolwer / Reportage Joel Detaille

A fir déi Fro zu 100% ze beäntwerten, muss ee wuel de Prozess an Italien ofwaarden, wann et dann zu esou engem kënnt. D’Ausliwwerungsprozedur vum Santo Rumbo, sou heescht de Mann, un Italien wier op alle Fall um Lafen. Den europäesche Mandat d’arrêt war jo vun der italienescher Justiz aus der Regioun Kalabrien ausgaangen.

Wat gewosst ass, ass datt et a Kalabrien wuel Muechtkämpf gëtt, ëm d’Mafia-Herrschaft an der berüchtegter Nrdangheta - haaptsächlech a senger Heemechtsstad Siderno. Als Kapp vun engem Clan géif de Santo Rumbo do als menacéiert gëllen, ass an italienesche Medien ze liesen. Op en dowéinst hei zu Lëtzebuerg war, dat ass net gewosst.

Interessant gëtt et awer, wann een nom Santo Rumbo am nationalen Handelsregister sicht: Am Fréijoer 2014 huet sech nämlech d’SARL „I Bronzi“ mat engem siège sociale zu Déifferdéng gegrënnt. Dat mam Exploitatiouns-Objet vun Zitat: "La société a pour objet l’exploitation d’un débit de boissons alcoolisées et non alcoolisées avec restauration." Sou steet et also am Registre de Commerce et des Sociétés.

E Bistro also an der Avenue de la Liberté zu Déifferdeng. D’Adress ass dëst Joer am Juli geännert ginn, nämlech op 135, rue Emile Mark zu Déifferdeng, en anere Bistro. Deen Ament huet de Santo Rumbo nämlech d’Gerance administrative vun "I Bronzi" offiziell iwwerholl, dat zesumme mat engem weidere jonke Mann, dem Armando Figliomeni, am September 95 gebuer. Allenzwee hu se hir offiziell Adress an der Rue de la Providence zu Rolleng uginn.

Intressant ass virun allem den Numm Figliomeni, well direkt 6 Leit aus där Famill bei der grouss-ugeluechter Police-Aktioun vun e Freideg an Italien festgeholl gi sinn: 3 Männer an zwou Fraen. Am Ganze goufen 28 presuméiert Mafia-Memberen a Kalabrien vun der Police matgeholl.

Gehéiere mécht d’"I Bronzi"-SARL dem Giuseppe Commisso, engem Italiener vu Locri. Hien huet 100% vun de Parte vun der Firma, déi den 1. Juli hir aussergewéinlech Generalversammlung hat, bei där eben d’Changementer an der Gerance aktéiert goufen.
Bleift d’Fro, wat maache Mafia-Vertrieder aus Kalabrien, mat Bistroen zu Déifferdeng? Virun allem, wann ee weess, datt 'Ndrangheta a Kanada fir Blanchiment, Korruptioun, Erpressung a Waffen- souwéi Drogenhandel responsabel ass.

Wat ass 'Ndrangheta

Et ass eng vun de räichsten a gréisste Mafia-Organisatiounen op der ganzer Welt. Ursprénglech staamt se aus dem süditalienesche Kalabrien a gouf am 19. Joerhonnert gegrënnt. Beim Numm geet een dovun aus, dass e vum neigriichesche Wuert “andragathía” oderandrós” hierkënnt, wat souvill bedeit wéi “Männlichkeit, Tapferkeit”, oder “heldenhaft, tugendhaft”. 

Speziell un dëser Organisatioun ass ënnert anerem hir Struktur. Anescht wéi déi meescht, ass dës net wéi eng Pyramid strukturéiert, mä se besteet aus ville verschiddene Gruppen, déi meeschtens aus den eenzele Familljen zesummegesat sinn. D'Kanner, déi an dës Familljen eragebuer ginn, ginn dann och automatesch an dës kriminell Organisatioun opgeholl.

Den Haaptsëtz vun der 'Ndrangheta läit a Kalabrien selwer. Erstaunlech ass et awer, dass d’Organisatioun op der ganzer Welt, dat heescht op deene 5 Kontinenter, ze fannen ass.  Dëst war ënnert anerem just méiglech, well se eng ganz strikt Reegel hunn. Alles wat se maachen, gëtt am Hannergrond gemaach, ouni ze vill Opmierksamkeet op sech ze zéien.

Zu deenen heefegsten, illegalen Aktivitéiten, déi se bedreiwen, gehéieren ënner anerem den Drogenhandel, dee virun allem mat Kokain bedriwwe gëtt, Kidnapping, Mord, Falschgeld a Waffenhandel. Allerdéngs kafe se bei dësen Aktivitéiten nëmmen déi néideg Wueren an an iwwerloossen d’Weiderverkafen aneren Organisatiounen.

Et sollen anscheinend 160 Clane weltwäit ginn, an deenen 6.000 Memberen aktiv sinn. Dat weltwäit Verméige gëtt tëscht 50 an 100 Milliarden Euro geschat.