Well de Felix Braz „an absehbarer Zäit“ seng Regierungsaarbecht net ka viruféieren, kënnt et zu enger Regierungsëmbildung op grénger Säit.

Den Häerzinfarkt, virun eppes méi wéi engem Mount, vum Felix Braz war net nëmmen e schwéiere Schlag fir seng Famill, ma och fir seng Partei: Dat hunn déi Gréng e Mëttwoch am spéide Moie virun der Press nach emol betount. An obwuel de Vize-Premier a Justizminister Fortschrëtter mécht, ass net drun ze denken, dass hie séier op säi Posten erëmkënnt.

Regierungsëmbildung bei déi Gréng
Well de Felix Braz „an absehbarer Zäit“ seng Regierungsaarbecht net ka viruféieren, kënnt et zu enger Regierungsëmbildung op grénger Säit.

Dofir wéilt een als Partei, eng 5 Wochen no deem Schicksalsschlag, Verantwortung iwwerhuelen. Wat eng Regierungsëmbildung mat sech bréngt.

Schliisslech wär ee Regierungspartei, huet de Co-Parteipresident Christian Kmiotek erkläert. Et géif een eng Verantwortung droen, déi ee vun de Wielerinnen a Wieler kritt hätt. Fir dem Optrag an där Verantwortung gerecht ze ginn, a fir och déi vill schwiereg a wichteg Dossieren weider ze traitéieren, bräicht een eng komplett Regierungsekipp, déi mat vollem Asaz kéint schaffen. Dowéinst kéim een net laanscht eng Regierungsëmbildung.

Djuna Bernard a Christian Kmiotek iwwer Posteverdeelung

D'Sam Tanson gëtt Justizministesch a behält d'Kultur, gëtt dofir awer de Logementsministère of.

Déi nei Persoun fir an d'Regierung, wou den Numm eréischt d'nächst Woch annoncéiert gëtt, iwwerhëlt de Logement a gëtt delegéierte Minister oder Ministesch vun der Arméi an der Police, ënnerstëtzt also de François Bausch.

Dee behält seng Ressorten (also Mobilitéit, Travaux Publics, Defense a bannenzeg Sécherheet), gëtt awer och Vizepremier.

Fir de Rescht bleift d'Carole Dieschbourg Ëmwelt- a Klimaministesch an de Claude Turmes ass weider zoustänneg fir d'Energie an d'Landesplanung.

Déi Annoncen gouf et um Mëttwoch de Moie vun déi Gréng op enger Pressekonferenz vun de Parteipresidenten Djuna Bernard a Christian Kmiotek.

Fir den 3. Oktober um 19 Auer ass e Kongress ugesat. Op deem Kongress mécht de Comité vun der Partei dem Kongress Bericht an ënnerbreet e Virschlag.

D'Wuert Kris, an där d'Partei wär, wollt de männleche Co-President um Mëttwoch de Moien iwwregens net an de Mond huelen. Hien hätt net Kris gesot... et wier een an engem schwierege Moment, emotionell a personell. Woubäi de Christian Kmiotek awer net d'Gefill huet, dass d'Personaldecke vun der Partei sou lues ufänke géif, dënn ze ginn.

Déi Gréng an d'Regierungsëmbildung: Reportage Eric Ewald
RTL

© Pierre Jans / RTL Télé Lëtzebuerg

Froen iwwer Roberto Traversini

Natierlech kruten déi zwee Parteipresidenten och Froen zum Roberto Traversini gestallt, ë.a. déi, ob hie kéint an der Chamber bleiwen an ob hien elo net méi a Fro kéim fir an d'Regierung. D'Djuna Bernard huet dorop geäntwert, dass eng Rei Argumenter à ce stade géifen dogéint schwätzen. Allerdéngs géif den Denkprozess elo eréischt ufänken a wier nach net ofgeschloss. Sécher wier et den Ament bësse méi eng schwiereg Situatioun fir an déi Richtung ze iwwerleeën. A Punkto Roberto Traversini a sengem Mandat an der Chamber géif et aktuell keen neie Moment ginn. Do wäert een d'Situatioun weider evaluéieren, elo géif emol de Parquet enquêtéieren.

Donieft war et d'Fro, ob d'Affär Gaardenhaischen net och Suitten am Nohaltegkeetsministère kéint hunn. Och do war et d'Äntwert, dass et à ce stade keen neien Ament géif ginn. Zu dësem Moment wier et esou, dass d'Antité mobile vun der Naturverwaltung eng Enquête opgemaach hätt, dëst schonn éier d'Press iwwert dee Sujet bericht huet. Si wieren op der Plaz gewiescht, an hätten och de Roberto Traversini verhéiert. Si sinn am gaangen all Weideres ze préiwen.  Dozou géif et de Moment net méi ze soe ginn, sou d'Djuna Bernard.