De Staat wëllt erneierbar Energien, dorënner och d’Photovoltaik, weider ausbauen. Den Energieministère huet viru Kuerzem nei ëffentlech Ausschreiwunge gemaach, fir privat Investisseuren ze encouragéieren, esou Anlagen ze installéieren.
E Freideg gouf ee gutt Beispill dofir ageweit, dat vun enger viregter Ausschreiwung: eng grouss Photovoltaik-Anlag um Daach vum Centre de Tri vun der Post zu Beetebuerg. Dëst ass ee gemeinsame Projet vun der Post an Enovos. Béid Entreprisë si gewëllt, méi op de Wee vun der Nohaltegkeet ze goen. D’Anlag vu Beetebuerg produzéiert Stroum fir eng 170 Stéit.
“Mir si am Gaangen esouwuel Wandanlagen, wéi och d’Photovoltaik weider ze ënnerstëtzen”, esou den Energieminister Claude Turmes. De Minister gleeft drun, datt och elo déi zweet Ausschreiwung Succès wäert hunn.