Déi national Gesondheetskeess steet ënner Drock. Bei der CNS gëtt fir dëst Joer mat engem Defizit vu ronn 160 Milliounen Euro gerechent. Virun der Quadripartite vun den Acteuren aus de Gesondheetssecteur e Mëttwoch zu Diddeleng, huet den Direkter vun der Spidolsfederatioun (FHL) um Dënschdeg kloer Positioun bezunn. Spueren dierft net op Käschte vun der Qualitéit goen, sou de Sylvain Vitali. Hie war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Nëmmen duerch héich Qualitéit a Patientesécherheet kéinten d'Käschten op Dauer stabil gehale ginn.
Fixe Budget fir Spideeler ass eng Brems fir d'Innovatioun
D'Spideeler zu Lëtzebuerg schaffen am Géigesaz zu anere Prestataire mat enger gedeckelter Enveloppe. Ronn 1,5 Milliarden Euro fir déi eelef Spideeler. Dat heescht, si däerfen net méi ausginn, wéi dat, wat hinnen zousteet. Dat wier eng Exceptioun a géing dozou féieren, dass Investitiounen an nei Technologien oder modern Apparater net ëmmer méiglech sinn.
"An natierlech däerfe mer net vergiessen, datt mer, well mer wëllen innovativ sinn, nei Technike benotzen. Dat huet e Präis. An ech mengen et ass och do, wann eise Budget eeben net ka weider evoluéieren, kënne mer och net garantéieren, datt d'Patienten dann déi beschte Soine kréien."
Aner Prestatairen am Gesondheetssecteur kéinten dogéint souvill produzéiere wéi si wéilten. Dofir wier eben och eng "Prime Qualité" geschaaft ginn, fir verschidden Apparate kënne matzefinanzéieren, fir dass de Patient déi héchst Standarde vun der Prise en charge kritt.
Grousse Käschtepunkt: Personal
De gréissten Deel vum Spidolsbudget geet an d'Personal: tëscht 60 a 70 Prozent vun de Käschten. Ronn 10.000 Leit schaffen nämlech am Spidolssecteur. Zousätzlech falen ëm déi 20 Prozent fir variabel Käschten un – wéi Medikamenter, Verbänn, Protheesen oder anert medezinescht Material.
Zentraliséierung vu Sterilisatioun a Labo-Analysen: Nei Projete fir Käschten ze drécken
Zeeche stinn aktuell awer éischter op Spueren an d'Spideeler hätten an de leschte Jore scho bewisen, dass se dat gutt kënnen, erkläert de Direkter vun der FHL. Wann een d'Evolutioun vun de Käschte géing kucken, da géing ee gesinn, dass d'Käschte vun de Spideeler bei de Gesamt-Ausgabe vun der Assurance maladie-maternité virun 2012 bei bal 50 Prozent louch an dëst Joer bei 44 Prozent. Donieft géingen d'Spideeler zesummen akafen. 100 Milliounen Euro d'Joer fir Medikamenter. Duerch esou grouss Volumme kéint een natierlech däitlech spueren.
An Zukunft ass och virgesinn, fir zesummen ze steriliséieren. Dat wier eng grouss Aktivitéit, well jo schliisslech ronn 80.000 Interventiounen d'Joer gemaach ginn an do vill Material aus den OPe beieneekënnt. Donieft wéilt een och versichen, um Niveau vun de Laboratoirë besser zesummenzeschaffen, fir dass zum Beispill Analysen zentraliséiert ginn.
Reform-Iddien: Staat soll méi Käschten iwwerhuelen
Fir d'CNS ze entlaaschten, gëtt schonn zanter enger Rei Joren diskutéiert fir d'Käschte vum Congé de maternité aus dem Budget vun der CNS erauszehuelen an an de Staatsbudget ze verlageren. "Fir eis ass dat eng gutt Pist, déi mer och voll wäerten ënnerstëtzen," sou de Sylvain Vitali. Donieft proposéiert d'FHL e Mëttwoch op der Quadripartite hir Iddi, fir dass de Staat beim Bau vun neier Spidolsinfrastruktur d'Käschte komplett iwwerhëlt. Aktuell iwwerhëlt de Staat 80 Prozent an d'CNS 20 Prozent. Déi Sue kéinten an d'Soine vun de Patienten investéiert ginn. Dat géif finanzielle Spillraum fir d'Gesondheetskeess schafen.
No der Affär-Wilmes: FHL proposéiert méi staark Evaluatioun vu Behandlungsresultater
No der Affär ronderëm de suspendéierte Chirurg Philippe Wilmes, ass d'Vertraue vun de Patienten an de Gesondheetssystem deels ugeschloen. D'Spideeler schaffen zwar mat internationale Qualitéitsnormen, fir déi si akkreditéiert ginn, mee fir d'FHL geet dat net duer: An Zukunft soll méi staark evaluéiert ginn, wéi gutt Behandlungen tatsächlech funktionéieren – also d'Resultater fir d'Patienten. Do géing een zesumme mam Conseil médical aus den eenzele Spideeler a mat de Médecins hospitaliers schaffen, erkläert de Sylvain Vitali.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.