Eng Zäitzeie vun Auschwitz erzielt hir Geschicht am Jongelycée um Lampertsbierg

D'Ginette Kolinka, eng 94 Joer al Fra, war lescht Woch am LGL op Besuch, fir iwwert hir Zäit zu Auschwitz-Birkenau ze temoignéieren.
Am Mäerz 1944 hat d'Ginette Kolinka knapp 20 Joer. Déi jonk Fra sollt eigentlech mat hirem Papp, hirem Brudder an hirem Neveu zu Mëtteg iessen, wéi d'Gestapo déi 4 festgeholl huet. Nom Prisong zu Avignon, zu Marseille an zu Drancy goufe si alle 4 op Auschwitz-Birkenau deportéiert. Bei hirer Arrivée stounge Camione prett, fir déi Leit, déi midd oder krank waren an net ze Fouss goe wollten. Hirem Papp vun 61 Joer an hirem Brudder, deen deen Ament 13 Joer hat, hat si geroden, fir mam Camion ze fueren. Ufanks wollt si deenen anere Fraen am Camp net gleewen, wat mat de Leit geschitt, déi op déi Camione geklomme sinn: "On les croit pas. Qu'est-ce qu'elles nous racontent? Que la fumée c'est eux? Elles nous racontent qu'ils ont tous été asphyxiés, assassinés. Mais elles sont mauvaises ces bonnes femmes! Elles sont jalouses! Mais quand-même c'est excessif pour se venger".
An den Nazi-Campe wier si zu engem Roboter ginn, erzielt d'Zäitzeien. No Auschwitz-Birkenau koum si op Bergen Belsen an op Theresienstad. Am Mee 1945 sollt si de Camp nach eng Kéier wiesselen, bei hirer Arrivée haten d'Alliéiert d'Lager awer befreit an du koum si a verschidde Centres d'Accueil, wou si gewuer gouf, datt hir Mamm an hir 5 Schwësteren net deportéiert goufen an erëm zu Paräis an hirem fréieren Appartement géinge liewen. Ee Mount méi spéit huet si hir Famill dunn och an der franséischer Haaptstad erëmfonnt.
D'Ginette Kolinka huet eréischt am Joer 2000 ugefaangen, iwwert dat ze temoignéieren, wat si erlieft huet, a wëll domadder virufueren esoulaang si kann. An den éischte Joren nom Krich huet d'Zäitzeien et mol net erdroen, wann een an hirer Géigend Däitsch geschwat huet, elo ass dat awer anescht: "Je vous garantis, je peux voir n'importe quel allemand, je peux entendre parler allemand, cela ne me fait rien. Un homme, une femme de 75 ans. Quand la guerre a été terminée, c'était un bébé. Je vais lui en vouloir? Mais il ne m'a rien fait. Non."
Si mécht awer ganz däitlech den Ënnerscheed tëschent Däitschen an Nazien. Déi 94 Joer al Fra huet am Mee dëst Joer iwwregens och e Buch publizéiert an deem si hir Geschicht erzielt. D'Buch huet den Titel "Retour à Birkenau".