D’Jusitz huet um Mëttwoch am spéiden Nomëtte confirméiert, datt d’Plainte klasséiert gouf, "well d’Enquête vun der Police Judiciaire keng Elementer konnt feststellen, déi d’Virwërf confirméiert hätten".
An engems ass et d’Informatioun dass d’Gemeng Conter net labber léisst an zwou weider Plainten ugangs vum Mount Oktober deposéiert huet. Eng mat och enger Partie civile an déi aner a Form vun Denonciatioun vum Aarbechtsministère géint een Employé vun der regionaler Beschäftegungsmesure CIGR Syrdall a géint Onbekannt. Déi Dossiere gi weider analyséiert, esou de Parquet.
De Beschëllegten ass elo nach viséiert vun enger anerer Plainte, déi d’Gemeng Conter gemaach huet. Basis fir d’Uschëllegunge sinn SMSe mat explizittem sexuellen Inhalt, deen hien u Mataarbechterinne geschéckt huet. Den ëffentlech-rechtleche Radio 100,7 notéiert desweideren: de Coordinateur général ass nach ëmmer op sengem Posten, obwuel d’Aarbechtsrecht virgesäit, datt den Employeur no enger Denonciatioun muss Protektiounsmesuren ënnerhuelen.
De President vum CIGR, de Mike Hagen, erkläert am RTL-Interview, datt de Comité exécutif an de Verwaltungsrot déi SMSe gesinn hunn. Dem Mike Hagen no ass an den SMSen "net vill dran, wat ee misst interpretéieren als klore Beweis, datt et en Harcèlement gouf". Donieft hätte Persounen, déi Uschëllegunge gemaach hunn, net konnte gehéiert ginn. Déi eng schafft net méi do, déi aner hat sech net beim Verwaltungsrot manifestéiert, mä bei der Gemeng Conter.
De CIGR Syrdall ass awer och mat anere Virwërf confrontéiert. 2011 an 2012 hu Beschäftegter vum CIGR (deemools nach Objectif plein emploi, OPE) bei fréieren an aktuelle Membere vum Verwaltungsrot Aarbechte gemaach , mee awer och bei der Mamm vum Mike Hagen zu Jonglënster. De Mike Hagen seet, den deemolegen "Agent Technique" hätt sech op der Plaz "déi Saach ugekuckt" an hätt den Aarbechten zougestëmmt, well et och eng gutt Formatiounsméiglechkeet fir d’Maçonnerie vum CIGR wier.
Ugeschwat op de Prinzip, datt net méi wéi 4 Stonnen d’Woch bei der selwechter Persoun dierf geschafft ginn, verweist de Mike Hagen drop, datt et deemools just eng Consigne gouf. En Accord tëscht dem deemolege President vum OPE, dem John Castegnaro, an der Fédération Horticole huet virgesinn, datt Aarbechten am Gaart net iwwert 4 Stonnen eraus dierfe goen.
Datt di Aarbechten zu engem "reduzéierten Tarif" vun 7,83 Euro d’Stonn ouni TVA gemaach gi wieren, sou wéi den 100,7 geschriwwen huet, léisst de Mike Hagen net gëllen. Den Tarif wier deemools 9 Euro mat TVA gewierscht a "mir hunn do Facturen (…) an och d’Viremente weise ganz kloer, datt déi Zommen, déi gefuerdert waren, och iwwerwise gi sinn.“
De Mike Hagen fënnt et iwwerdeems legitim, datt och Verwaltungsrotsmemberen, déi iwwert 60 Joer al sinn an an enger CIGR-Gemeng liewen, op de CIGR dierfen zeréckgräifen. "Firwat solle si net och dat däerfen ufroen, wéi di aner Leit och?", sou de President vum CIGR Syrdall.
Communiqué du parquet de Luxembourg dans le contexte de l'affaire dite « CIGR Syrdall »
(31.10.2019)
Le parquet de Luxembourg tient à préciser quelques points concernant l’affaire dite « CIGR Syrdall » relatée ces derniers jours dans la presse nationale. Il est vrai que le parquet de Luxembourg avait déjà été saisi d’une dénonciation de la part de l’Administration communale de Contern, contre le CIGR Syrdall, le 22 mai 2019. Cette dénonciation avait deux volets : un volet «harcèlement sexuel » et un volet « économique et financier ».
Le parquet avait aussitôt chargé la police judiciaire de procéder à une enquête préliminaire. L’allégation que le parquet n’aurait pas entrepris les démarches utiles en vue de la manifestation de la vérité est donc inexacte.
Après avoir mené des auditions de personnes susceptibles de pouvoir éclaircir les faits allégués, la police judiciaire n’avait pu recueillir aucun élément de preuve qui aurait confirmé les reproches formulés.
De ce fait, le parquet de Luxembourg a finalement classé cette affaire au cours de l’été 2019.
Entretemps le parquet de Luxembourg a été saisi, le 10 octobre 2019, de deux nouvelles plaintes de l’Administration communale de Contern, dont une avec constitution de partie civile, et d’une dénonciation de la part du ministère du Travail tant à l’encontre d’un employé du CIGR Syrdall, que contre inconnu. Ces dossiers suivent leur cours procédural.
CIGR Syrdall: Coordinateur général soll Mataarbechterinne sexuell belästegt hunn