ChamberOppositioun annoncéiert, géint Budget ze stëmmen

Dany Rasqué
En Donneschdeg de Moie gëtt um Krautmaart iwwert de Budget ofgestëmmt. E Budget, deen e Mëttwoch vun der Oppositioun staark kritiséiert gouf.

De Finanzminister Pierre Gramegna huet e Mëttwoch um Enn vun den Debatten iwwert de Budget ënnert anerem festgestallt, datt bal keen Orateur méi wéi zwou bis dräi Minutten iwwert d'Staatsfinanze geschwat huet an iwwert den Defizit vu 640 Milliounen Euro.

Fir hien, esou de Pierre Gramegna, géif dat esou ausgesinn, wéi wann et elo e Konsens géif ginn, datt d'Staatsfinanzen op stabille Féiss stinn.

D'Riedner vun der Oppositioun hunn de Budget awer an hiren Interventioune kritiséiert an och annoncéiert, en Donneschdeg dogéint ze stëmmen. D'Deputéiert komme moies erëm um 8 Auer zesummen, diskutéieren dann nach d'Motiounen a stëmmen iwwert déi an natierlech iwwert de Budget of.

En Donneschdeg annoncéiert sech nach emol e laangen Dag an der Chamber, virun der Chrëschtvakanz. Am Nomëtteg ass ënnert anerem eng Aktualitéitsstonn iwwert d'COP25, eng Aktualitéitsstonn, déi d'CSV gefrot hat.

Ferm Kritik vun der Oppositioun

Den David Wagner vun déi Lénk huet der blo-rout-grénger Regierung net just virgehäit, näischt géint d'Aarmut ënnerholl ze hunn, mä zousätzlech och nach eng Politik ze maachen, déi nach méi Aarmut provozéiert.

De Laurent Mosar vun der CSV ass e Mëttwoch den Owend a senger Interventioun och nach op d'Regierung méi allgemeng agaangen. Hie géif akzeptéieren, wann e Politiker wéilt ophalen, esou wéi elo de Wirtschaftsminister, ma dat Schauspill, dat den Etienne Schneider géif opféieren, dat wier net méi an der Rei.

De Laurent Mosar huet och de Staatsminister kritiséiert. Hien huet vum "Homme invisible" geschwat, deen een an der Chamber net méi vill géif gesinn.

RTL NEWS: Budgetsdebatten: Eng "Radiographie" vun de Mesuren am Logement
RTL NEWS: Budgetsdebatten: Gast Gibéryen suergt fir déckt Gejäiz um Krautmaart

Back to Top
CIM LOGO