
Den 112 mellt een Accident op eise Stroossen déi leschte Nuecht. E Mëttwoch den Owend um kuerz no 20 Auer huet et tëscht Viichten an Useldeng gerabbelt. Dobäi ass een Auto op d'Kopp gaangen. Eng Persoun gouf hei blesséiert.
Géint 4 Auer an der Nuecht da goufen d'Pompjeeën aus der Stad, vun Hesper an Nidderaanwen geruff, well et an engem Appartement um Sennengerbierg gebrannt huet. Eng Persoun gouf hei uerg verwonnt.