
En Donneschdeg den Owend um kuerz virun 21 Auer gouf eng Persoun um Kierchbierg, méi genee um Circuit de la Foire, ugestouss a blesséiert. Op der Plaz waren d'Ekippen aus der Stad, sou wéi eng Ambulanz an de Samu.
Kuerz drop, um 21.15 Auer koum et zu engem Accident op der Helfenter Bréck (RN34), d'Ekippe vu Mamer a Bartreng waren am Asaz. Zwee Autoe krute sech du méi spéit, géint hallwer 1 e Freideg de Moien op der A4 Richtung Esch ze paken, dat op der Héicht Steebrécken. Um 20 op 4 krut en Auto e Bam ze paken, dat um CR118 tëscht Scheedgen a Lauterbuer. Bei kengem vun dësen dräi Accidenter gouf eng Persoun blesséiert.