Nei Gebailechkeeten zu BounewegMat "Housing First" soll d'Autonomie vu Sans-abrie gestäerkt ginn

Lynn Cruchten
Leit ouni Doheem sollen am neie Centre Ulysse a Centre Kairos zu Bouneweg net nëmmen en Daach iwwert dem Kapp, mee och eng laangfristeg Perspektiv kréien.
Mat "Housing First" soll d'Autonomie vu Sans-abrie gestäerkt ginn
Leit ouni Doheem sollen am neie Centre Ulysse a Centre Kairos zu Bouneweg net nëmmen en Daach iwwert dem Kapp, mee och eng laangfristeg Perspektiv kréien.

Dräi Joer hunn d'Aarbechte gedauert, en Donneschdeg gouf et eng offiziell Visitt vum renovéierte Centre Ulysse zu Bouneweg an der Stad. Nieft engem klassesche Centre d'accueil, fir Leit ouni Daach iwwer dem Kapp fir eng kuerz Zäit ze encadréieren, solle mat engem neie Konzept vum "Housing First" och Leit op onbestëmmten Zäit hei ënner Daach kommen.

Am renovéierte Centre Ulysse sinn domad vun dësem Mount un 23 Better fir Leit disponibel, déi keen doheem hunn an d'Urgence musse gehollef kréien. Zousätzlech dozou setzt een awer mam Centre Kairos, wat am algriicheschen fir Neiufank steet, och op dat neit Konzept vum "Housing First".

De Familljeminister Max Hahn erkläert:

De Foyer Kairos, wou et eis drëms geet am Kader vum Housing First de Leit nei Perspektiven ze ginn, mat soziale Rechter, déi laang Zäit obdachlos waren, a wou all déi besteeënd Konzepter, déi et hei zu Lëtzebuerg gëtt, wou déi net gegraff hunn. An do gëtt grad probéiert hei unzesetzen.

Esou well een d'Leit op hirem Wee zréck an d'Liewe besser ënnerstëtzen.

22 Better sinn am Centre Kairos disponibel. Hei kënnen also Leit ouni Logement fir eng länger Zäit wunnen a gi wärend deem encadréiert, fir méi autonom ze ginn an aus hirer Prekaritéit eraus ze kommen.

Et soll dann net just beim Centre Kairos bleiwen, sou de Minister weider:

D'Konzept vum Housing First ass eent, wat ech eigentlech am léifsten duerch d'ganzt Land hätt an do geet vläicht deen een oder deen anere Studio duer, et muss also net wéi hei direkt 22 Unitéite beienee sinn, mee dat kënnen och kleng Housing-First-Unitéite sinn oder d'Unzuel ka kleng sinn an trotzdeem kann ee vill bewierken an do kann all Gemeng vun deenen 100 kann do natierlech hëllefen.

Den DP-Minister ënnersträicht awer och, datt den Accueil nach ëmmer als eng Tëschenetappe soll funktionéieren:

Alles wat Der hei an dëser an och an deenen aneren obdachlose Strukture gesitt, dat ass just eng Tëschestatioun, dat soll keng Solutioun fir d'Éiwegkeet sinn. Ganz am Géigendeel. Hei geet et drëms, vläicht d'Leit schonn no e puer Deeg kënnen aus där Situatioun hei erauszekréien, eeben iwwer déi intensiv sozial Betreiung.

An de renovéierte Gebailechkeeten ass iwwerdeems méi op Privatsphär gesat ginn. Esou soll d'Autonomie vun de Bewunner weider gestäerkt ginn.

De Käschtepunkt vun den Aarbechte läit bei knapp 15 Milliounen Euro.

Communiqué vum Ministère

Pressedossier.pdf

Back to Top
CIM LOGO