Fraestreik den 7. Mäerz: „Who cares? We care!“
„Who cares? We care!“ Dat ass de Motto vum éischte grousse Fraestreik hei zu Lëtzebuerg, deen de Samschdes 7.Mäerz organiséiert gëtt.
D'Problemer vun de Frae solle visibel ginn, et soll driwwer diskutéiert ginn an d'Fuerderunge solle gehéiert ginn. Haapt-Accent läit beim Streik iwwregens op der sougenannte CARE-Aarbecht.
Dat heescht botzen, kachen, wäschen, strecken, akafen a sech ëm d'Kanner këmmeren. Dës Aarbechte géingen nämlech nach ëmmer haaptsächlech vu Frae geleescht ginn, erkläert d'Michelle Cloos vun der Plattform JIF.
„Souwuel doheem am net bezuelte Beräich, wou Fraen extrem vill Stonne leeschten. Weltwäit sinn et 12 Milliarde Stonnen, déi geleescht ginn an net bezuelt ginn. Wei awer och am bezuelte Beräich. Dofir hu mir ee spezielle Fokus op de Secteur Nettoyage, op de Secteur Soins, wou mer och nach ëmmer Problemer hunn, dass déi Aarbechten net de Respekt an déi Unerkennung kréien, déi se brauchen.“

D'Fuerderunge vun der Frae-Plattform si ganz kloer: Zäit, Geld, Respekt.
„Méi Zäit fuerdere mer, zum Beispill eng Reduzéierung vun der Aarbechtszäit. Méi Geld fuerdere mer, dass de Mindestloun de Fraen et muss erlaben ze liewen, well vill Leit an deenen Niddreg-Loun-Secteure schaffen. Mir fuerderen awer och e gerechte Steier-System. Mir fuerderen eng Entlaaschtung vun den Monoparentaux-Stéit déi zu iwwer 80 Prozent aus Frae bestinn. Dat si wierklech déi grouss Beräicher, fir kënnen als Fra fräi ze wielen, wéi ech liewen, da brauch ech Zäit, fir alles ze maachen. Ech brauch Geld fir et ze finanzéieren an ech hunn och de gesellschaftleche Respekt verdéngt."
Nächst Woch sollen d'Frae mol d'Aarbecht doheem leie loossen, fir hirem Ëmfeld ze weisen, wéi vill si eigentlech leeschten, suggeréiert d'Michelle Cloos. Ma Frae kéinte sech och op der Aarbecht abréngen.
„Do hunn mer ee Guide erausbruecht vu symbolesche Streikaktiounen, déi ee kann an de Betriber plangen, fir dass d'Frae visibel sinn, dass se gehéiert ginn an dass een och de Beitrag gesäit, deen d'Fraen an der Gesellschaft hunn, sief et doheem, sief et op der Aarbecht, well ouni eis géing näischt méi fonctionéieren. „
De Rendez-vous fir de Fraestreik ass wei gesot den 7. Mäerz.