Aus dem PolicebulletinRulott zu Rëmeleng geklaut, Festnamen no Abréch zu Wuermer a Schengen

RTL Lëtzebuerg
Zu Rëmeleng gouf de Weekend eng Rulott geklaut. D'Täter konnten duerno iwwer déi franséisch Grenz flüchten.
D'Police konnt de Weekend zwee Abriecher stellen a festhuelen.
© Laurent Weber

An der Nuecht op e Méindeg gouf zu Rëmeleng an der Strooss A Wiendelen eng Rulott geklaut. Wéi d'Police schreift, wier et de bis elo onbekannten Täter gelongen, d'Schlass vun der Unhängerkupplung ze léisen an d'Rulott da mat der Hëllef vun engem Gefier matzehuelen. Si hu sech duerno iwwert déi franséisch Grenz aus dem Stëbs gemaach. D'Sich vun der Police, déi direkt duerno ageleet gouf, hat kee Succès.

E Sonndeg konnt zu Schengen no engem versichten Abroch an en Haus an der Cité Kollboesch eng Persoun festgeholl ginn. Der Police no hat den Täter ëm 11:20 Auer probéiert, mat engem spatze Géigestand eng Fënster auszehiewelen. Well dat awer net gelongen ass, huet e sech duerch d'Bascht gemaach. Knapp dräi Stonne méi spéit, géint 14:30 Auer, konnt d'Police déi verdächteg Persoun awer an der Rue Robert Goebbels untreffen a stellen. Bei him goufe vill geklaute Saache fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter bruecht.

Eng weider Festnam war et e Sonndeg nach no engem Abroch an en Auto zu Wuermer ginn. Géint 0:45 Auer gouf der Police gemellt, datt eng Persoun eng Rei Géigestänn aus engem Auto op der Route du Vin geklaut hätt. D'Police huet direkt nom Täter gesicht an dësen dann och an der Rue Principale fonnt a gestallt. De Mann hat vill geklaute Géigestänn bei sech a gouf op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter bruecht. Wéi sech erausstelle sollt, war d'Persoun der Police scho wéinst engem änleche Virfall den Dag virdrun opgefall.

Back to Top
CIM LOGO