
Dat ënnert dem Motto "Modern, gerecht an ofgeséchert". D'LSAP fuerdert méi Ënnerstëtzung oder Schutz fir d'Independanten, mee net mat der Strenz. Ënnert den 8 Mesurë fënnt een zum Beispill:
"Net all Patron ass e Groussverdénger", esou d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding. Et wéilt ee geziilt deenen hëllefen, déi et brauchen. Si sot dat, well si sech wuel bewosst ass, datt eng Ausso vum fréieren LSAP-Minister Dan Kersch 6 Joer méi spéit nach ëmmer bei den Independanten hänke bliwwen ass.
D'LSAP huet och Independanten a sengen eegene Reien, dorënner d'Déifferdenger Schäffin Zenia Charlé, déi mat op der Pressekonferenz war. Si huet op Nofro hi gesot, datt si an hirem Betrib sech als Salairée bezilt. Hir Partei ass an deem Zesummenhang och oppe fir eppes a Punkto Cotisatiounen ze maachen.
D’Vizepresidentin vun der Handwierkerfederatioun Alexa Ballmann hat e Méindeg bei eis nach emol erkläert datt Independanten dacks zweemol cotiséieren: eemol als Employeur an eemol als Salarié.
Den Deputéierte Ben Streff huet erkläert, datt een un den "Technicitéiten" nach misst schaffen. Eng Circulaire huet 2023 d'Méiglechkeet ofgeschaaft, fir een Drëttel vun de Cotisatiounen iwwert de Betrib ofzewéckelen a wann et einfach wier, hätt d'Regierung jo schonn zanterhier gehandelt, huet hie gemengt.