Reform vum Statut vum Independant"Mir wéilten, dass de System och fir eis do ass, wa mer e brauchen"

Monica Camposeo
De Statut vum Independant soll reforméiert ginn. Mee wéi gesäit den Alldag vun den Independanten aktuell aus? RTL huet zwou Geschäftsfrae getraff.

Mir brauchen endlech eng Reform vum Statut vun den Independanten, sot um Méindegmoie bei eis um Radio d'Vizepresidentin vun der Fédération des Artisans, Alexa Ballmann. Tatsaach ass, dass et eng Rei Erausfuerderunge ginn, mat deenen d'Independanten am Alldag ze kämpfen hunn. Kee Chômage, wann et mol net méi gutt leeft, Onkloerheeten am Fall vum Congé de maternité oder nach d'Schwieregkeet fir am Fall vun enger Krankheet, ofgeséchert ze sinn. Dat si Beispiller, déi eng grouss Belaaschtung kënne sinn. Déi Erfarung hunn och d'Lola Valerius an d'Enza Fuzio gemaach.

Selbststänneg sinn, bedeit eng konstant Responsabilitéit. Fir d'Lola Valerius schaffen den Ament fënnef Leit. Dass si sech ëm d'Ausbezuele vun de Paien oder d'Commande vun de Clientë këmmere muss, dat hält fir eng Patronne net vun haut op muer komplett op. Och net, wa si grad e Kand kritt huet. Si wier deemools awer falsch berode ginn, esou déi jonk Mamm. "Mol net eng E-Mail schreiwen", dat wier hir deemools esou gesot ginn. Fir eng Patronne ass dat awer komplett onrealistesch, esou d'Chocolatière. D'Resultat war, dass si de Congé maternité esou kuerz ewéi nëmme méiglech gehalen huet, aus Angscht, eppes falsch ze maachen. D'Lola Valerius kritiséiert de Manktem u konkreten Informatiounen. Et misste kloer Reegele ginn, fir dass een net stänneg Angscht huet eppes falsch ze maachen. Da kéint een och méi roueg déi Zäit mam Kand genéissen.

Eng besser sozial Ofsécherung fir schwéier Zäiten

En anert Uleies si fir déi jonk Geschäftsfra déi duebel Cotisatiounen, déi fir Independanten d'Privatakommes belaaschten. Eppes wat och d'Optikerin Enza Fuzio kritiséiert. Et dierft een net all Independant wéi de Patron vun enger grousser Entreprise mam décken Auto gesinn. Déi duebel Besteierung géing vill Patrone vu klengen Entreprisen, Butteker oder Restaurante belaaschten. Dobäi kënnt d'Suerg, wann de Buttek eventuell net méi esou gutt géing lafen. A schwéieren Zäite géing ee gesinn, wéi wéineg Independantë geschützt sinn. Dem Enza Fuzio ass dat besonnesch an der Pandemie bewosst ginn, seet si. Fir si wier kee Chômage partiel méiglech gewiescht. D'Onsécherheet an d'Suerg ëm de Betrib, dat hëlt een als Independant a Kaf. Ma dat sollt awer net penaliséiert ginn, esou d'Optikerin.

D'Ekonomie rullt duerch d'Independanten am Land, esou d'Enza Fuzio. Mee "mir hu kee Recht" an dat wier net fair. Och fir d'Lola Valerius sollt de System an déi sozial Ofsécherung fir d'Independantë genee esou do sinn, ewéi fir d'Salariéen, wa se gebraucht gëtt.

Back to Top
CIM LOGO