Datt d'Situatioun um Lëtzebuerger Logementsmarché grad fir Jonker ugespaant ass, ass keen neie Constat. Ee Kollektiv, dee sech aus 13 Jugendorganisatiounen zesummesetzt, fuerdert dowéinst elo endlech konkret Mesuren. Fir Drock op d'Politik ze maachen, wäert een och nees op d'Strooss goen.
Ma fir d'éischt huet de "Kollektiv Logementskris" sech awer eng Partie Gedanke gemaach an 20 konkret Propositiounen zesummegestallt, fir d'Situatioun um Logementsmarché ze verbesseren. Déi Mesurë sinn deels speziell op Jonker zougeschnidden, deels awer och genereller Natur. Sou gëtt zum Beispill gefuerdert, datt bis Mëtt d'nächst Joer een nationale Logementsregëster geschaaft gëtt. Et schwätzt ee sech och fir eng Leerstandssteier an eng Steier op bebaubaren Terrainen, déi brooch leie gelooss ginn, aus. Dozou de fréiere Co-Spriecher vun deene jonke Gréngen, de Fabricio Costa:
"Do goufen Amendementer virgestallt, de Projet ass ënnerwee, mee leider ass déi Steier esou, datt se réischt an den 30er-Jore wäert gräifen. An esouguer dann, et sinn esou vill Ausname virgesinn, datt se an där Form wéi se haut ass warscheinlech ganz wéineg Impakt wäert hunn. Dofir hei d'Fuerderung, datt een eng anstänneg Steier braucht, an zwar och eng, déi schonn 2028 a Kraaft trëtt."
De Staat misst zudeem massiv an den abordabele Wunnraum investéieren. Bis d'Joer 2035 sollt deen ee Fënneftel vun all de Logementer ausmaachen.
De "Kollektiv Logementskris" fuerdert och ee bessere Schutz vun de Locatairen. De Plafonnement vun de Loyere misst reforméiert a méi Wäert op d'Energieklass vun der Wunneng geluecht ginn, wéi den Tom Rees, Co-Spriecher vun deene jonke Lénken, erkläert.
"Wat d'Energieklass vun enger Wunneng méi schlecht ass, wat den erlaabte Loyer méi niddereg soll sinn. Wien eng schlecht isoléiert Wunneng verlount, däerf net dee selwechte Loyer froe wéi een, deen a Qualitéit an Energieeffizienz investéiert. Mir stellen eis hei kloer op d'Säit vun de Locatairen: de Profit vun de Proprietären dierf net méi wichteg si wéi d'Recht vun de Leit op eng Wunneng, déi bezuelbar an och waarm ass."
Zu deenen 13 Member-Organisatioune vum "Kollektiv Logementskris" gehéiert och d'Union Nationale des Étudiant(e)s du Luxembourg. Dem Generalsekretär vun der UNEL Angelo Locatelli no wier d'Situatioun vun de Studente besonnesch schwiereg.
"Ech si grad vun der Uni zeréckkomm, ech wunne mëttlerweil bei de Grousselteren, et ass generell schwéier, eppes ze fannen. Mee ech géing awer trotzdeem soen, och wann ech elo a sou enger Situatioun sinn, datt et anere Leit awer bei Wäitem méi schlecht geet. Besonnesch bei de Studenten, wann ee Student, deen Net-Lëtzebuerger ass, munchmol zwou Stonne braucht, fir op de Belval ze kommen an zwou Stonne fir rëm zeréck, dat si véier Stonnen den Dag, déi vergeudet ginn, déi se benotze kéinten, fir entweder ze studéieren oder generell ze liewen."
Eng Fuerderung mat Bléck op d'Studenten ass, datt si d'Subvention de loyer sollen ufroe kënnen. Aktuell muss een dofir ee reegelméissegt Akommes hunn. D'Ënnerstëtzung vun de Studente wier och am Sënn vun der Wirtschaft. Déi héich Wunnkäschten zu Lëtzebuerg géingen nämlech dozou féieren, datt ëmmer méi Jonker nom Studium am Ausland bleiwen.
Den Olivier Cano, Co-President vun de jonke Sozialisten, huet sengersäits d'Schafe vun enger Krisekommissioun gefuerdert.
"Déi Krisekommissioun soll eemol de Mount ënnert der Autoritéit vum Premier zesummekommen, zanter Jore gëtt gesot, datt de Logement Chefsaach ass, ma mir soen, 'da komm mir maachen et wierklech zur Chefsaach'. Eemol de Mount sollen déi respektiv Ministèren, mee awer och d'Gewerkschaften, d'Banken, d'Patronat zesummekommen, fir ee kloren Aktiounsplang mat Delaien auszeschaffen. Dir gesitt jo, datt vill vun eise Revendicatioune kloer Delaien hunn an et ass justement dat, wat haut feelt."
E Freideg gëtt eng zweet Manif organiséiert, fir op d'Logementskris opmierksam ze maachen. Dës géing vu 34 Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft ënnerstëtzt ginn.
Schonn en Dënschdeg hunn déi Jonk eng Entrevue mam Logementsminister Claude Meisch. Et wéilt een net op ee Kaffiskränzche goen, mee et géing ee sech konkret Zousoen erhoffen.
An e Freideg ass de Claude Meisch dann och moies eisen Invité vun der Redaktioun.