Den Däitschen hire "Schicksalstag"Um 9. November: Ofdankung, Putsch, Kristallnacht, Mauerfall

Tom Nols
Op keen aneren Dag sinn an der däitscher Geschicht esou vill markant Ereegnesser gefall wéi op den 9. November.
Tëscht 1961 an 1989 huet d'Mauer Berlin an zwee Deeler gespléckt.
Tëscht 1961 an 1989 huet d'Mauer Berlin an zwee Deeler gespléckt.
© BEATA ZAWRZEL/NurPhoto via AFP

Op den 9. November falen eng Rëtsch Evenementer an der méi jonker däitscher Geschicht, déi national an international fir Revirementer gesuergt hunn.

1848

De Robert Blums gëtt exekutéiert. Den däitsche Politiker, Publizist, Philhelleen an Dichter ass am Kader vun der Däitscher Revolutioun an an der Frankfurter Nationalversammlung ee vun de féierende Käpp bei den Demokraten. Hien huet um Wiener Oktoberopstand deelgeholl, fir un der Säit vun de Revolutionären d'Stad géint déi keeserlech-éisträichesch Truppen ze verdeedegen. Nom Néierschloe vum Opstand gëtt de Blums den 9. November standrechtlech erschoss. Däitschland ass entsat an d'revolutionär Beweegung zitt doraus nei Energie.

1918

An Däitschland gëtt d'Republik ausgeruff. De Max von Baden, dee réischt zanter e puer Woche Reichskanzler ass, setzt vu sech aus de Keeser Wilhelm II. of, well ofzegesinn ass, dass Däitschland den Éischte Weltkrich verléiere wäert an de Friedrich Ebert iwwerhëlt op seng Uweisung d'Staatsgeschäfter. De Philipp Scheidemann, deen am Februar 1919 Premier wäert ginn, rifft aus enger Fënster vum Reichstagsgebai déi Däitsch Republik aus.

Nëmme puer Stonne méi spéit rifft de Karl Liebknecht, Leader vum lénksrevolutionäre Spartakusbund, eng Freie Sozialistische Republik Deutschland aus. An der Suite kënnt et zu biergerkrichsänlechen Zoustänn tëscht de Verfechter vun de verschiddene politesche Systemer. Um Enn setzen d'Demokrate sech knapps duerch. Den 9. November 1918 markéiert d'Enn vun der konstitutioneller Monarchie vun der Keeserzäit an den Ufank vun der Weimarer Republik.

1923

Den Hitler-Ludendorff-Putsch zu München mëssléngt. Den Adolf Hitler, Parteichef vun der NSDAP, versicht bewosst um 5. Joresdag vum Ausruffe vun der Republik e Putsch géint déi demokratesch Reichsregierung. Awer nëmme puer Stonne méi spéit mëssléngt déi ganz Operatioun virun der Feldherrnhalle, 20 Leit stierwen. Den Hitler notzt den uschléissende Prozess, fir sech als Leader z'inzenéieren a gëtt zu fënnef Joer Prisong verurteelt. Wéi hien 10 Joer méi spéit un d'Muecht kënnt, gëtt aus dem 9.11. en nationale Gedenk- a Feierdag gemaach, fir de "Blutzeugen der Bewegung" ze gedenken. Den 8. November 1939 mëssléngt iwwregens en Attentat op den Hitler am Münchener Bürgerbräukeller.

1938

Et kënnt zur sougenannter "Reichskristallnacht". Nom Morduschlag op en däitschen Diplomat zu Paräis inzenéieren d'Nationalsozialisten an Däitschland an an Éisträich Pogromer géint jiddesch Geschäfter, Ariichtungen a Synagogen. Den Héichpunkt ass vum 9. op den 10. November 1938, op deem Honnerte Judden ermuert ginn. Police a Pompjeeë sinn ugewisen, nëmmen däitsche Besëtz ze schützen. D'Ereegnisser markéieren den Iwwergang vu sozialer Ausgrenzung an Diskriminéierung zur oppener Verfollgung vu Judden an der Diktatur vum Nationalsozialismus.

1967

Bei der feierlecher Aféierung vum neie Rektor vun der Hamburger Universitéit rullen zwee Studenten am Audimax e Plakat aus, op deem steet: "Unter den Talaren - Muff von 1000 Jahren". Et ass de Protest géint dat feelend Opschaffe vun de Verbriechen aus NS-Zäiten, gefuerdert gi méi Demokratiséierung an d'Matbestëmmungsrecht vun de Studenten. D'Plakat gëtt zum Symbol vun der 68er-Beweegung.

1989

Déi friddlech Revolutioun an der DDR an domat déi sougenannt "Wende" sinn net méi opzehalen. Den Informatiounssekretär Günter Schabowski gëtt op enger Pressekonferenz eraus, dass et eng nei Reegelung fir Auslandsreese gëtt, déi, Zitat "ab sofort, unverzüglich" gëllt. Dausenden DDR-Bierger rennen op d'Grenzen a suerge sou dofir, dass d'Berliner Mauer ongeplangt opgeet. Den 9. November ass no der Wiedervereinigung zäitweis als Nationalfeierdag am Gespréich, aus Récksiicht op d'Affer an d'Gedenken un den 9.11.38 gëtt awer den 3. Oktober zum Tag der Deutschen Einheit bestëmmt.

Back to Top
CIM LOGO